Diskussioun:Mathias Jänisch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Bei ons gouf de Jänisch als Aussespiller uginn, wat eigentlech dem normale lëtzebuergeschen Ausdrock Bandspiller (e spillt entweder riets oder lénks Band) entsprécht. An der de:Wiki an en:Wiki gëtt en als Mëttelfedspiller ugesinn dat wier bei ons en Zenterspiller oder einfach Zenter, d'Fransouse mengen et wier en défenseur wat bei ons e Back oder Stopper wier. Lo feelt ons nach just eng Wiki déi mengt e wier Stiermer (rietsen, lénksen oder Zenterstiermer, stéing dann nach op) an dann hu mer bal eng ganz Equipe komplett. Wat soen d'Foussballspezialisten zu deem Fall?? --Les Meloures (Diskussioun) 11:52, 6. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Ps:Déi spuenesch Wiki preziséiert et wier en Defensor lateral also e rietsen oder lénkse Back. --Les Meloures (Diskussioun) 11:57, 6. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]