Diskussioun:Mendaly Ries

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei den Text, deen ech dem user:sheepshagger geschriwwen hat:

"Gudden Owend,

ech hoffen, d'Schof si schon um Juck. Mee et geet mer hei net ëm d'Wuelergoe vun Oviden, mee ëm d'Foto Image:Mendaly.jpg, déi s d'eropgelueden hues.

Aus dengem Commentaire zum Bild ("Offiziell Foto vum Mendaly Ries, ze fanne enner anerem och an der Presse (cf. Artikel Journal)") geet net ervir, dass du den Auteur bass. De Fait, dass déi Foto an engem Zeitungsartikel stung heescht nach laang net, dass de Fotograf domatt all Rechter ofgetrueden hätt (wéi s de mat der GNU-FDL-Lizenz ugëss).

Ouni Angaben zum Fotograf an der Lizenz, déi hee sengem Bild ginn huet, muss et leider geläscht ginn. Méi Info vun denger Säit ass dofir néideg.

--Zinneke 21:34, 15 Abrëll 2007 (UTC)

Enn der Woch gëtt d'Bild (leider) geläscht, wann näischt méi nokënnt.

--Zinneke 13:53, 18 Abrëll 2007 (UTC)

Wat heimat geschitt ass. --Zinneke 15:21, 21 Abrëll 2007 (UTC)

¨

1985 éischt Optrëtter mat 4 Joer ???????????


Gudden Owend
Am Artikel ass de Film Lesli Kent verlinkt. Am Artikel vum Film fannen ech awer keng Spur vum Mendaly Ries. Weess do vläicht ee méi.  ? Les Meloures 23:28, 27 Mee 2007 (UTC)
Neen, hatt ass mer net bekannt. --Cornischong 23:35, 27 Mee 2007 (UTC)
Gudde Moien
Jo et ass mer och opgefall dat mat dem Hatt am Artikel, an dofir hun ech ech meng Fro an der Hatt-Form gemaach. Vu datt ech am Talk vun der Yolanda eng Propos gemaach hat fir iwwerall de Si ze gebrauchen an dodropshinn d'Bemierkung gemaach krut et wier besser Artikelen ze schreiwen amplaz ze idderzen hun ech emol bis elo net verbessert. Ech hu mer och virgeholl manner ze idderzen. Mee weéi seet de Bauer: Wann d'Kou net méi idderzt gëtt se och keng Mëllech méi. Les Meloures 07:27, 28 Mee 2007 (UTC)