Diskussioun:Metazachlor

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

dans le lac de la Haute-Sûre et demandé à titre préventif que les seuils de pollution de l’eau potable soient multipliés par 30.

Bei ons steet net datt se gefrot hätten mä datt se eng Erlabnes ginn hätten. Wat stëmmt? --Les Meloures (Diskussioun) 07:02, 15. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]

Hunn et fonnt am Pressecommuniqué --Les Meloures (Diskussioun) 12:08, 15. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hunn awer ausser am Paperjam kee Beleg fonnt an deem vun der drëssegfacher Iwwerschreidung Rieds geet. --Les Meloures (Diskussioun) 12:53, 15. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, Jo, "Diese Ausnahmeregelung wird heute erteilt" schreiwe se, ma se hidde sech weider Detailer ze ginn. Hei ass dat net nëmmen e Pressecommuniqué, mä eng Pressekonferenz an et schéngt mir datt kee vun der subventionéierter Presse do weider nogefrot hätt. Dofir ebe just d'Ausso vun deem Paperjam-"Expert" an der Referenz iwwer dat Drëssegfacht. --Jwh (Diskussioun) 01:04, 16. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]

.Perséinlech fanne ech dat vum Paperjam senger Säit ganz schlëmm als Desinformatioun. En I-Butz ka sech op 3 Fangeren ausrechnen datt dat bei der Wasserquantitéit déi am Stau ass guer net méiglech ass, an duefir et et keng Ursaach gëtt fir d'Schwell sou héich ze setzen. D'informatiounen am Quotidien schénge mer do méi no bei der Wourecht. --Les Meloures (Diskussioun) 07:51, 16. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]
Op wort.lu schreiwe se vun enger Erhéijung vun de Grenzwäerter vun 100 ng/l op 3 µg/l. Dat ass effektiv dat drëssegfacht.--MMFE (Diskussioun) 09:39, 16. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]
Salut, ech hunn dat och elo fonnt. Wann ech d'Rapporte vun der SEBES kucken da schéngt dat mer zimmlech iwwerdriwwen ze sinn, an wéi et schéngt och onnëtz fir dat sou an d'Luucht ze drécken. Kee Wonner wa Leit sech Froe stellen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:52, 16. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]
't gesäit aus wéi wann ee sech do eng confortabel Marge gesat hätt. --Jwh (Diskussioun) 15:39, 16. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]