Diskussioun:Molekularbiologie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Vu datt mer aller Waarscheinlechkeet keen eegent Wuert fir d'Genmolekülen hunn, a watfir eng Sprooch solle mer da léine goen? An anere Wierder, op wat solle mer eis eengen: ADN, DNA, DNS, DNK, ... ?

"DNS" läit no, da behale mer eis Saier um Enn.--Cornischong 13:43, 4 Jun 2005 (UTC)

ech fannen ADN am beschten, well ech daat bis elo am meeschten héieren hun, mee vun der Iwwersetzung hier as DNS deem Letzebuergeschen méi no. Mee ech fannen och dass een "ADN" als eegenstännigt Wuert am letzebuergeschen aféieren kiint, ouni et als Ofkierzung ze gesin an deem Fall?

Artikel staark verännert[Quelltext änneren]

Ech hun dësen Artikel elo zimmelech staark verännert, déi Saachen déi hei stungen gehéieren mengem Verständnis no éischter an den Artikel Biochimie. Ech hun mech fir DNS an RNS entscheed (DNA an RNA géing awer och goen, daat gett och ewell vill am Däitschen gebraucht). Spläissen hun ech +/- erfonnt, ech gin zou et wierkt folkloristesch, mä op däitsch heescht de Phänomen 'spleißen' an op engesch 'splicing' esou datt 'spläissen' secher net esou falsch ass. --Marcus 13:56, 25 Juli 2005 (UTC)