Diskussioun:Naturschutzgebitt Haff Réimech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Solle mer d'Watvullen (Charadriiformes) Mieresvullen nennen? An enger Parti däitschen Naturbicher (Kosmos) gëtt d'Uerdnung Charadriiformes oft als "Watvögel, Möwen und Alken" zesummegefaasst. Oder weem fält e besseren Numm an? --Tomateus 14:29, 19 Januar 2006 (UTC)

Op kee Fall Mieresvullen (Watvögel kënnt net vu Watt(enmeer)), do gehéieren och Aarten eran déi nach nie e Mier gesinn hunn (Waldschnepf z.B.), da bleiwe mer besser bei Watvullen an a Klammeren de wëssenschaftlechen Numm awer an italic. --Marcus 14:39, 19 Januar 2006 (UTC)

"Am Fréijoer benotze Fräschen, Mouken an Epse gär déi ..": Wat ass "Epse"? --Cornischong 08:17, 5 Abrëll 2006 (UTC)

Eps soll de lëtz. Numm fir "Molch" sinn. Vläicht ass den Numm awer schonns vereelst. --Tomateus 08:21, 5 Abrëll 2006 (UTC)

No dem DLW ass de lëtzebuerger Numm fir e Molch "Molch". An d'Wuert "Eps" fannen ech souguer am "décken" Dictionnaire net! De Klees zielt mer, datt d'Wuert "Eps" zu Uerschdref gebraucht gouf (!!!) fir den Trituts spec.; da gefällt mer den "Dollemännchen" besser, bei deem emol net steet, wien deen um Stierwesbett ernimmt soll hunn. Lo musse mer awer oppassen, datt net op all Stroosseneck hei e Wuert steet, dat nëmmen zu Hengescht an enger schmueler Gaass geschwat gouf. --Cornischong 08:49, 5 Abrëll 2006 (UTC)

Ech hunn den Numm aus dem "Die häufigsten Vögel, Fledermäuse, Amphibien Luxemburgs". Do heescht et

  • Bergmolch - Gemeng Waasserederes, Waassereps
  • Fadenmolch - Fuedemeps
  • Kammolch - Grouss Waasserederes, Grouss Eps
  • Teichmolch - Kleng Waasserederes, Gepiirpelt Eps

Ech sinn awer domat averstann, fir Molch ze gebrauchen, da wees een och direkt wat gemengt ass. --Tomateus 08:59, 5 Abrëll 2006 (UTC)

Mer hunn awer besser ze waarden, bis datt den "Ganz neien Dixtionnaire" eraus ass (sou an 15-20 Joer). E puer sinn der jo schonns hei amgaang. --Cornischong 09:06, 5 Abrëll 2006 (UTC)

De Link op R. Gloden asw geet net méi!