Diskussioun:Nee

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Neen, ech komme mer es net zou, wéivill Schreifweisfeeler an dësem Artikel ze fanne sinn. An dat huet näischt mam "Arrêté ministériel" vum 10. Oktober 1975 ze dinn, an och net mam "Règlement grand-ducal" vum 30 Juli 1999, an deem et ëm d' "Reform" gaang ass.
Neen, schonns de Professer Robert Bruch hat a sengem "Précis populaire de Grammaire Luxembourgeoise" vun 1973 déi fundamental Grondlage vun eiser Schreiweis genee ëmrass.
Neen, ech verstinn net, datt een "daat" an d'Wuert "Saaz" mat zwéin "a" schreift, an d'"Eifeler Reegel" kéint engem, dee sech mat Lëtzebuergesch ofgëtt, geleefeg sinn ("enthaalen kann"). Mee, ech wëll hei net de Méckepéiler spillen, ech wollt nëmme schreiwen, datt ech verwonnert sinn. --Cornischong 21:35, 8 Jun 2005 (UTC)