Diskussioun:Noutem (Stauséigemeng)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien, 195.46.248.60. Merci fir den Artikel. Well all Artikel vun Uertschaften de Lëtzebuerger Numm dréit, réckelen ech deen hei op Noutem (dat ass d'Schreifweis vum Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise). Wann s de Fotoen iwwer Noutem oder Gemeng Lac de la Haute-Sûre (Do gëtt et jo nach kee lëtzebuergesche Numm??) hues, da wier et ganz léif, fir se an den Artikel/Artikelen ze setzen (wann s de net weess, wéi dat geet, da luuss emol bei Wikipedia:Biller oder fro hei). Merci am Viraus. --Cornischong 08:14, 5 Jun 2005 (UTC)

Mir nennen d'Gemeng vum Lac de la Haute Sûre "Stauséigemeng" op letzebuergesch. As daat nik richteg?

Dach, dach, op der Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen steet se och ënner Stauséigemeng. Dann hunn ech awer nach eng Fro: Wann ech mol eng Kéier an der Géigend sinn, wat kann een zu Noutem oder an der Gemeng fotograféieren? Wat ass interessant? An: Sinn an der Gemeng d'Kierchen dagsiwwer op fir Fotoen ze maachen. Oder wann d'Kierchen zou sinn, wien kann ee froen, fir se opgespart ze kréien? --Cornischong 09:14, 5 Jun 2005 (UTC)