Diskussioun:Ohn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:On)

Änlech Fro wéi fir Schwéidsbengen: get et net mat H geschriwwen, Ohn? 195.218.30.178 23:40, 14 Oktober 2005 (UTC)

Et gëtt net mat "h" geschriwwen, well hannendrun nëmmen ee Konsonant kënnt. Wann der zwéin hannendru kéimen, krit et zwéin "o". Kuckt weg. hei: Wikipedia:Eis_Schreifweis, do gëtt dat erklärt. Da kënnt et engem och vill méi logesch vir! --Cornischong 00:34, 15 Oktober 2005 (UTC)

Cornischong, jo dat as mer scho bewosst, mee ech hu gemengt bei de Nimm vun Uertschaften géif dat net onbedéngt (pff wéi seet een da lo: applizéiert? benotzt? ugewandt?, wahrscheinlesch: benotzt) gin Myriam 00:44, 15 Oktober 2005 (UTC)

Bei de Gemengen dauchen heiansdo "komesch" Stroosseschëlder op. Wann s de op Nidderfeelen fiers, mierks de datt op de Schëlder "Nidderfelen" steet. Mat Steesel ass et net besser. do war "Stésel" drop, mee den Accent ass "verluer" gedoe ginn. Besonnesch geckeg ass et mat "Hënsdrëf" dat "Hënsdref" geschriwwe gëtt, well d'Betounung op der éischter Silb ass. ... --Cornischong 01:00, 15 Oktober 2005 (UTC)

Jo, mee On ouni H gesäit relativ plakesch aus, OK dat as just méng Meenung an dat as net wichteg. Also wärt ech wuel mat "On" liewe mussen. Myriam 20:02, 15 Oktober 2005 (UTC)

Et gi Leit, déi liewe mat engem A. --Cornischong 20:40, 15 Oktober 2005 (UTC)

Also Ohn gët définitiv mat engem H geschriwwen! Sou steet et well éiweg um Agangschëld vum Duerf! Och wann et grammatikalesch vlaicht net richteg ass, fir déi Ohner wärt et emmer en H kréien! (IP 88.207.182.199)

"Ohn gët définitiv mat engem H geschriwwen!": - Et ass scho verwonnerlech, wéi Leit esou sécher kënne sinn. Mär hunn zënter 1999 eng "offiziell" Schreifweis, déi bal alles reglementéiert. Alles ausser d'Uertschaftsnimm! Wann dat Argument vun "éiweg um Agangschëld vum Duerf" sollt eescht geholl ginn, da widerleet sech dat Ganzt vum selwen. Da stoung d'Uertschaftsschëlt jo scho virun der Aféierung vun der sougenannter neier Schreifweis. Zu Steesel stinn Uertschaftsschëlter mat "Stésel" drop, op deene meeschten ass den Accent kaum nach ze gesinn; den "é" gëtt nëmmen gebraucht fir de kuerzen "e" (!); zu "Mëlleref" steet "Mëllerëf" (den "ë" huet an enger net-betounter Silb näischt verluer) op de Schëlter a.s.w."définitiv mat engem H": Wien huet dat gesot? Wien hätt dat bestëmmt? Wou steet dat geschriwwen? Néierens. Ech loosse mech gäre beléieren, awer sécher net duerch eng Behaaptung, déi en Ausruffungszeechen dohanner huet. An: Eng Gemeng, déi eng Cité zu Éinen "Léihbësch" nennt (op der WEbsäit vun der Gemeng) huet anscheinend e gestéiert Verhältnes zum Buschtaf "h". Zu Keel steet "Käl" op den Uertschaftschëlter. Dat Ganzt ass schonns e quokelegt Thema, mee et ass e bësse kéng, fir vun definitiv (ouni Accent) ze schreiwen. Hoffentlech beméie sech déi "Concernéiert" endlech drëm. De Problem gëtt schonns eng Zäitche vun de Ponts et Chaussées bis bei den Institut spadséiere gefouert. --Cornischong 21:00, 29 November 2006 (UTC)


JO ech gin dir jo och vollkommen Recht, dass et grammatikalesch vlaicht falsch ass. Ech kennen mech do net gudd genuch aus, fir dir do ze widderspriechen. Ech wollt dir och secherlech keen Virworf maachen, och wann daat elo sou riwwerkomm ass. Ech soen just, dass ech, als Awunner vum Duerf et awer weiderhin mat H schreiwen wärt, well daat aanert fir mech einfach ongewinnt ("falsch") ausgeseit! Wei ech, oder dei aaner Leit daat schreiwen ass jo och unsech net wichteg, vu dass ech seelen Offiziell Saachen op letz. schreiwen, an op franséisch stellt sech dei Diskussioun jo souwisou net.

Da gi mer eis eens. Alles ok. --Cornischong 20:51, 30 November 2006 (UTC)

An der 13. Oplo 2007 huet de Josy Braun d'Uertschaft mat "Ohn" geschriwwen. Op der Websäit vun der Section Linguitique ..... vum Institut Grand Ducal steet et och mat "h". Ass dat net e Beispill, wéi mat Uertschaftsnimm hantéiert gëtt? Wann ee méi eng al Editioun vum braun sengem Bichi huet, da kann en emol nokucken ob dat och do en h kritt oder net. Do ginn et jo Fäll, an deenen d'Schreiweis vum Numm "einfach emol esou" vun enger Oplo bis bei déi aner g'ännert huet!! Wéi "Capellen" oder "Clierf". --Cornischong 08:16, 17. Abr 2008 (UTC)

Et ass elo definitiv Ohn[Quelltext änneren]

No vill Diskutéiers hu mer elo eng definitiv Äntwert: et ass Ohn. Kuckt: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, D’Lëtzebuerger Orthografie (November 2019)

4.3 Verschidde Konsonante mat spezielle Reegelen - 4.3.1 Den h (S. 32):

„A verschiddenen international gebräichleche Wierder oder Fachausdréck an och bei Nimm bleift den h stoen: Diphthong, Mittelohrentzündung, Rhythmus, Theater, Theema, Ohn, Rhäin”

GilPe (Diskussioun) 21:33, 18. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]