Schwéidsbengen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Wäibur zu Schwéidsbengen | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Schwebsange de: Schwebsingen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Réimech | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Ben Homan | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 295 (2005) |
||||||
| Koordinaten: | 49° 30' 42" N 06° 21' 23" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Schwéidsbengen ass eng Uertschaft an der Gemeng Schengen. Bis Enn 2011 huet se zu der fréierer Gemeng Wellesteen gehéiert, déi dunn, zesumme mat de Gemenge Biermereng a Schengen fusionnéiert ass.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
D'Uertschaft Schwéidsbengen läit am Museldall. Südlech vu Schwéidsbengen läit Wëntreng, nërdlech dovun Bech-Maacher a Wellesteen. D'Haaptstrooss déi duerch d'Uertschaft geet ass den CR152 deen do Wäistrooss (route du Vin) heescht. Parallel zum CR152 an der Musel leeft d'N1. Den CR152F mécht d'Verbindung vum CR152 mat der N1.
Fester a Kuckeswäertes [änneren]
- Den éischte Sonndeg am September ass Wäifest zu Schwéidsbengen, da leeft aus dem Bur bei der Kierch kee Waasser, mee Wäin.
- De Mediterrane Gaart
- D'Kierch Schwéidsbengen mat hiren zwéin Tierm; ee bei der viischter Dier riets, an een op der Héicht vum Chouer lénks.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Literatur [änneren]
- Schwéidsbengen an d'Musel : Geschichten an Erënnerungen, Publications Mosellanes, 2002, mat Texter vum Léon Gerges, Michèle Thoma, Michel Raus, Lex Jacoby, Georges Hausemer a Men Wiltzius, 86 Säiten.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Schwéidsbengen – Biller, Videoen oder Audiodateien |