Diskussioun:Paul Benoit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Vü datt et net üblech ass, d'Wierker den Editiounshaiser no opzedeelen, hunn ech dat och hei geläscht. Benotzer

Moien,

De Paul Benoit huet am Artikel zwou Schreifweisen. Do drängt sech d'Fro op gëtt e mat Hittchen oder ouni Hittche geschriwwen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:54, 17. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Jo, déi Fro hunn ech mer och scho gestallt. Ech schreiwen eigentlech ëmmer mat Hittchen, ausser wann ech ze schnell tippen. Dat ass op jiddefall net falsch. Et kann awer sinn, datt d'Fransouen entretemps di zwou Schreifweisen erlaabt hunn. Wikipedia mécht jiddefalls keen Ënnerscheed. Wann ee mat Hittchen antippt, kënnt och dat ouni Hittchen an emgedréint. Et kann een et awer vereenheetlechen, mee da géif ech di Versioun mat Hittchen virzéien ;-) Benotzer


Remoien,

Et geet eigentlech net drëms wat ee virzitt. Et geet drëms wat richteg ass. D'Fransousen hunn eng Homonymie Paul Benoit ouni Hitchen bei där se dann zwéi Paul Benoît mat Hittche stoen hunn. Do steet mir dann de Verstand. Well hei Benoit kee Virnumm ass (do wier d'Schreifweis méi kloer) stellt sech eben d'Fro.

Ech hu geduecht well et am Text geännert gouf, wier eng sécher Quell doriwwer do, an hu mech gewonnert fir wat datt de Lemma net och geännert gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 22:29, 17. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Dom am Lemma[Quelltext änneren]

Och moien, den Dom soll net am Lemma stoen. Sou wéi jo och Dokter, Professer, Maître asw fir aner Persounen net am Lemma stinn. Wéinst der Diskussioun 'mat oder ouni Hittchen' hunn ech emol net geréckelt op e Lemma ouni Dom. --Cayambe (Diskussioun) 04:35, 18. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hunn nogekuckt, Benoit schengt an deem Fall hei effektiv OUNI Hittche geschriwwen ze ginnn. Da musse ner dat aenneren. Orgh