Diskussioun:Pedro Almodóvar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gebuer de 24. September 1949 oder de 25. September 1951? Déi zwee Datumen tauchen op; ménger Meenung ass et awer éischter de 25. September 1951 (wéi et och an der spuenescher Wiki steet).

Quellen:

Offiziel Websäit vum Pedro Almodóvar: "Nace en Calzada de Calatrava, provincia de Ciudad Real, partido judicial de Almagro y Arzobispado de Toledo en la década de los 50."

Websäit vum Festival de Cannes: "Born September 25th, 1951 in Calzada de Calatrava (Spain)."" http://www.festival-cannes.fr/perso/index.php?langue=6002&personne=8

Huet nach een eng zouverlässeg Quell?

Fliedermaus 07:22, 2 Juni 2006 (UTC)


um http://www.imdb.com/name/nm0000264/ imdb as 1949 an enger Spezialnummer vun den "Inrocken" get keen Datum genannt, me d'Joer 2002 als daat vu sengem 50. Geburtsdag erklärt. domat hätte mer dann elo 3 Méiglechkeeten.. ech fir mein Deel glewen der IMDB, déi Daten musse jo gepréift éier se op d'Säit gestallt ginn du kanns daat awer roueg änneren... Melusina 10:45, 2 Juni 2006 (UTC)


De Problem mam Gebuertsdatum hunn se och an der däitscher an der englescher Wiki. Et kéint een awer och mengen dat an engem Artikel am "El País" den Datum richteg stoe misst:

"El director español, nacido el 24 de septiembre de 1951 en la localidad de Calzada de Calatrava, en Ciudad Real" http://www.elpais.es/articulo/elpporcul/20060517elpepucul_1/Tes/Pedro/Almod%F3var/premio/Pr%EDncipe/Asturias/Artes

Ech verbesseren elo mol näischt am Artikel wëll ech net weess wat fir eng Quell richteg ass. Soss muss e schreiwen "gebuer, je no Quell, de 24. oder 25. September am Joer 1949 oder 1951 oder 1952" :-) Fliedermaus 13:02, 2 Juni 2006 (UTC)

ech mengen daat mat "je no Quell" gudd an da kann en jo mol kucken, ob sech nach eppes aneschtes opdeet. Ech fannen daat éischter lëschteg, ech woer am Fong ëmmer der Menung, dass nëmmen Fraen Problemer hätten hiren genauen Geburtsdatum unzeginn. Melusina 13:08, 2 Juni 2006 (UTC)

D'Finnchen, d'Bom, d'Lisett an déi aner Schékse vun der Gaass[Quelltext änneren]

"lëtzebuergeschen Titel : ass dat nët eng Utopie?" freet de User:Robby. Net eng Utopie, mee Kabes: Soulaang e Film zu Lëtzebuerg (oder méngetwege soss anzwousch) net mat engem Lëtzebuergeschen Titel am Kino leeft, huet eng Fantasieiwwersetzung hei näischt verluer. --Zinneke 21:56, 31 August 2006 (UTC)

An der drëtter Kolonn stung "Lëtzebuergesch" (net "lëtzebuergeschen Titel") a war virgesinn fir ze schreiwen wat den Originaltitel op lëtzebuergesch iwwersat bedeit. Et sollt op kee Fall eng Fantasieiwwersetzung fir e fiktive "lëtzebuergeschen Titel" sinn. Ech hunn awer och kee Problem domat dat déi (eidel) drëtt Kolonn elo geläscht gouf.--Fliedermaus 10:33, 28 September 2006 (UTC)