Diskussioun:Pierre Krier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech mengen de Pierre Krier (no deem jo eng Strooss zu Bouneweg benannt ass) wär nach iwwert e puer Ecke Famill mat mir, mee do misst ech meng Eltere nach mol froen. Myriam 23:52, 16 Januar 2006 (UTC)

Ech sinn och iwwer drësseg Ecke mam Robert Schuman Famill, dat notzt mer awer näischt. Oder mengs du, eventuell u Material (Dokumenter, Fotoen) vun deem Mann ze kommen, dat wier natierlech groussaarteg? --Otets 01:09, 17 Januar 2006 (UTC)

Ganz d'accord mam Otets: Wann s De Fotosmaterial häss, dat ee kinnt bäisëtzen (an dat copyrightsfräi ass, dh, de Fotograf entweder mat der Publikatioun averstanen ass oder scho méi wéi 60 Joer dout ass) - dat ass méi wéi wëllkomm!
Zu de Stroossen: zu Esch, Bieles, Diddeleng, Schëffeleng (a warscheinlech nach enzwousch anescht) ginn et der och, déi nom Kréier benannt sinn. Ech fannen déi Info net esou wichteg, mee bon, 't kann een et ëmmer an en Hallefsaz anzuaffen. Ech hunn allerding nët wëlles, elo bei all Artikel d'Telefonsbuch duerchzebliederen ;-) --Zinneke 10:33, 17 Januar 2006 (UTC)

Nee, ech mengen da loosse mer dat léiwer sinn. Wat Fotosmaterial asw. betrëfft, dat dierft warscheinlech schwiereg ginn, mee ech informéiere mech emol. Myriam 11:08, 17 Januar 2006 (UTC)