Diskussioun:Politesch Iddien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass Kleptokratie elo just e politesche System, mee keng politesch Iddi, a wou läit den Ënnerscheed? --Otets 18:27, 6 Dezember 2005 (UTC)

Eis transmuselanesch Leit huelen deen Ausdrock nees "doudeescht" (do sinn e puer Kryptoanarchisten, déi d'Wiki onsécher maachen) dofir ass den Artikel gespaart. Anerer (wéi nl an en) ginn dovun aus, datt deen Ausdrock pejorativ gebraucht gëtt. Et ass wéi mat der Gerontokratie, déi et éischter bei Naturvëlker gëtt, en Ausrock deen awer dacks "pejorativ" gebraucht gouf fir déi sowjetesch oder DDR Gruftien, déi nach als Sklerotiker d'Muecht net wollten aus der Hand ginn; naja mat 99 Prozent vun de Stëmmen. Et fënnt een deen Ausdrock net an engem seriöse Buch iwwer politesch Iddien an och net iwwer politesch Systemer. Awer politesch Fatzbeidelen, déi där Virstellung entspriechen loosse sech mat den Honnerte fannen. --Cornischong 18:49, 6 Dezember 2005 (UTC)