Diskussioun:Prix Émile et Aline Mayrisch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Info" op rtl.lu[Quelltext änneren]

Op [rtl.lu] steet "De Freideg, de 25. November 2011 kritt d'National Archiv an hirem Gebai um Plateau Saint-Esprit an der Stad den Präis Emile an Aline Mayrisch iwwerreecht." (gelies den 29. November 2011, 10.45 Auer). Datt d'Nationalarchiv de Präis hätt solle kréien schéngt mir komplett aus der Loft gegraff ze sinn.--Fliedermaus 10:00, 29. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hat mech grad dat selwecht gefrot, wéi déi scheinbar widdersprëchlech "duebel" Auszeechnung dëst Joer zustane komm wier. Vläit weess ee méi? --Zinneke 10:05, 29. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, Am Artikel 3 vum Reglement ass ze liesen: "Le prix s’adresse aux chercheurs, étudiants, journalistes et autres auteurs résidant en Allemagne, en Belgique, en France ou au Luxembourg et âgés d’au moins 24 ans.". Dat trëfft bestëmmt net op d'Nationalarchiv zou.--Fliedermaus 10:57, 29. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech mengen do huet den rtl.lu einfach e Bock geschoss. --Les Meloures 11:19, 29. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

Hei geet keng riets vum Nationalarchiv. --Pecalux 11:38, 29. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

D'accord mam Les Meloures: d'Invitatioun mécht däitlech, dass d'Präisiwwerreechung an den Nationalarchiven ass, mee net un d'Nationalarchiven... Kucke mer deemno a Rou, wéi laang dat bei RTL esou stoe bleift... --Zinneke 15:17, 29. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]