Diskussioun:Räich (Biologie)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Haut sinn di 4 Räicher d'Andeelung vun den Eukaryoten." liesen ech am dësem Text. Just vu wiem déi Saach kënnt, gi mer net gewuer. Ech mengen, et wier mol un der Zäit, datt mer eis Gedanke maachen, wéi mer eis Liewewiesen nees an de Grëff kréien. Hei sollt dem Robert H. Whittaker säi System vun de 5 Räicher gebraucht ginn, nodeems mer eis beim "Chef-Biolog" aus der de-Wiki informéiert haten. Duerno ass dat ëmg'ännert ginn an e System, deen ech ni begraff hunn (wann een dat begraff huet, da sinn ech "ganz Our"). Deen dat un d'Rulle bruecht huet an onbedéngt de "4 Räicher-System" wollt aféieren huet kuerz drop alles stoegelooss (dat sollt et mol an de Wikië ginn), an elo steet et nach do. Mär hunn zwar e Portal "Biologie", mee do krabbelt net vill. Wéi wier et, dat Geliewesiesens nees auszegruewen an op d'Been ze stellen? --Cornischong 21:52, 2 August 2006 (UTC)

"Wéi wier et, dat Geliewesiesens nees auszegruewen an op d'Been ze stellen?" huet hei ee gefrot, mee e krut ni eng Äntwert. --Cornischong 05:15, 6 Juni 2007 (UTC)