Diskussioun:Reez

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

E Reez ass e Raum, an deem Iesswuere gereeezt ginn.

Ech hu gemengt dat wier d'Reezhaischen. Les Meloures 13:58, 30. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Mengem Versteesdemech no kann e Reez en Haische sinn, awer och alt en Zëmmer, oder un der frëscher Loft geschéien.
Dann hätte mer jo och nach eng Haacht, wou ech elo "esou hei" net weess, wéi déi vum Reez semantesch ofzegrenzen ass. Ech kucke mol, dëse Weekend e bësse méi aus deem Charcuteries-Rayon erauszefannen... --Zinneke 14:29, 30. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]
Salut
D'Haascht ass op jiddwerfall kee Reezhaischen. Ee Reezhaischen ass eng separat Ariichtung déi wann et esou agriicht ass, no dem Reezen och eventuell Haascht ka sinn. Da muss et awer mat den erfuerdlechen Damp- a Loftklappen ageriicht sinn. Beim Reeze gëtt d'Fleesch intensiv dem Damp ausgesaat, wou géint an der Haascht de Prozentsaz vum Damp vis-à- vis vu frëscher Loft net grouss ass. Haaschte waren iwwer grousse Kaméiner a verschidde Stäck agedeelt oder se waren nieft dem Kaméin mat engem Zochlach fir den Damp. Et war wichteg datt den Damp keng grouss Hëtzt méi hat wann e bei d'Hamen oder d'Zossissen, déi dran houngen, komm ass. Les Meloures 15:26, 30. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]
Nach e Pefferkär.
Am Reezhaischen gëtt d'Fleesch, wann et gesolpert ass, gereechert (besser: gereezt). Et gëtt während enger relativ kuerzer Zäit enger intensiver Dampbehandlung ausgesat. Doduerch kritt d'Fleesch deen typesche Gout.
Durno gëtt et an d'Haascht gehaang, zum Zweck, d'Fleesch an der Loft ze drechnen fir dass et sech hält. Dës Phas dauert relativ laang. Eng gutt Bauerenham houng mindestens ee Joer an der Haascht.
Wann ee seet: "ech hänken d'Ham an de Reez", da mengt en domat den Damp a net d'Haischen.
--Pecalux 16:25, 30. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]


Zosissen, Mettwurschten, Wirschtercher, Lyoner, ginn och gereezt, wa se sech méi laang sollen halen.
D'Temperatur an der Haascht ass wichteg, se därf net ze héich ginn, soss fänken d'Hamen un ze schweessen, a si verléire Fettdeeler déi wichteg sinn datt se net ze zéi ginn. Pierrenilles 16:43, 30. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Vill Flillekegerabbels op der Braddelsäit, mee kee Buschstaf am Artikel geréckelt[Quelltext änneren]

Nodeems vill Pefferkäre hei gemuele goufen, steet nach ëmmer de Saz "E Reez ass e Raum, an deem Iesswuere gereeezt ginn." am Artikel! Et geet och vill Rieds vun Damp. Datt et am Lëtzebuergeschen nëmmen ee Wuert gëtt fir "Dampf" (Waasserdamp) a "Rauch" spillt och keng Roll.