Diskussioun:Robert Stumper

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et deet mer leed mee dee Mann heescht Stümper mat ü. Ech hat dat op der Gemeng nogefrot. Et war der Gemeng och net bekannt datt en eng Kéier säin Numm soll gewiesselt hunn. Et steet och bei menger Réckelaktioun vum 12. August derbäi, datt d'Ifo vun der Gemeng kënnt. http://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Robert_Stumper&action=history

Les Meloures 19:22, 17. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Mer hunn nach esou ee Fall. Dat sinn d'Funck-Brentanoen . Déi heeschen all offiziell Funck, ouni Brentano.

Les Meloures 19:25, 17. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

De Robert Stumper huet all seng Publikatiounen (och wann se op Däitsch waren) mat "Stumper" ouni "ü" publizéiert an esou ass säin Numm iwwerall ze fannen, och an dem Katalog vun der Nationalbibliothéik. Am 19. Joerhonnert huet den Etat civil op Däitsch funktionéiert an d'Nimm sinn also an der däitscher Form geschriwwe ginn, mee déi franséisch Form mat "u" (net mat "ü") ass gläichberechtegt do dernieft gebraucht ginn. En änleche Problem gëtt et mat "Muller / Müller", "Namur / Namür", etc. De Robert Stumper huet ganz kloer fir d'Orthographe mat "u" optéiert, dofir gëtt et an der Stad och eng "Rue Robert Stumper" an keng "Rue Robert Stümper". De Lux. Lexikon schreift och "Stumper", an an der Lëscht vun de Membere vun der Section des Sciences vum Institut grand-ducal, déi de Stumper eng laang Zäit presidéiert huet, gëtt et och nëmmen d'Schreifweis "Stumper". Dat miisst och fir d'Wikipedia gëllen! De Robert Stumper, dee vun de Nazien zu Hinzert internéiert gi war, géif sech sécher mat Hänn a mat Féiss dergéint wieren, datt säin Numm an der däitscher Form an enger lëtzebuergescher Enzyklopedie gebraucht géif ginn. --Jamcelsus 21:11, 17. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Misst dann de richtegen Numm net wéinsten am Artikel ernimmt ginn, sief och nëmmen als Foussnote. ? Les Meloures 21:37, 17. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Dat kann ee maachen, och wa "Stümper" (de) net méi "richteg" ass ewéi "Stumper" (fr). --Jamcelsus 14:51, 18. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Dem Stumper säi Papp huet iwwregens dem Bouf säi Gebuertsakt mat "Stumper" ënnerschriwwen. --Jamcelsus 18:24, 1. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

An der Literatur gëtt et 2 verschidde Stierfdaten: 14. Abrëll 1977 (Weiss 1979, S. 15, Massard 1990) an de 15. Abrëll 1977 (Lux. Autorenlexikon 2007, S. 595, Lux. Lexikon 2006, S. 411). --Jamcelsus 17:30, 18. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Et gëtt och e Problem mat dem Stierfuert: LuxLex an Autorenlexikon ginn d'Stad Lëtzebuerg un, do gëtt et awer keen "acte de décès" mat dem Numm Robert Stumper, wéi de Responsable vun dem Etat civil vun der Stad mir matgedeelt huelt. (Weiss 1977 a Massard 1990 ginn keen Stierfuert un.)--Jamcelsus 20:54, 19. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

De Bob Stumper ass de 15. Abrëll 1977 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen (kuck d'Foussnout am Artikel). --Jamcelsus 18:13, 1. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Robert Stumper och Foussballspiller (Goalkeeper)?[Quelltext änneren]

Bonjour,

Op den Internetsäiten: Lëscht vun de Lännermatcher vum Robet Stumper op European Football, Portrait vum Foussballspiller Robert Stumper op Football Database.eu an De Robert Stumper um Site weltfussball.de geet vun engem Robert Stumper riets deen 1913 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt huet. Leider as sop deenen dräi Site kee Gebuertsdatum fir de Goalkeeper Robert Stumper uginn. Weder am Autorenlexikon nach am Luxemburge Lexikon ass beim Robert Stumper ernimmt datt deen och Foussball gespillt huet. Wou kann een do vläich tméi gewuer ginn?

mat beschte Gréiss --Robby (Diskussioun) 17:05, 3. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Jo, dat ass de Wëssenschaftler Robert Stumper. Hie war Goalkeeper vun der Nationaléquipe vun 1911 bis 1916, a stoung 1913 am Match géint Frankräich am Goal. Ech schreiwen dat emol bei den Artikel bei. --Jamcelsus (Diskussioun) 17:33, 3. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
villmools merci --Robby (Diskussioun) 17:39, 3. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]