Diskussioun:Rochuskapell vu Biissen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Se gehéiert zur Par Biissen an zum Parverband St. Willibrod Helpert, am Dekanat Miersch an der Pastoralregioun Zentrum geleeën. Zoustänneg fir d'Kapell ass de Biisser Paschtouer Joël Santer.

Ech proposéieren dës zwee Säz ewech ze loossen. Alles aus dem éischte Saz steet am Kader riets. Cayambe 21:47, 26. Abr 2008 (UTC)

Da loosse mer dee Këschtemumpitz ewech. Op déi Manéier hu mer souvill Plaz fir Biller, wéi mer der brauchen, a mer sinn net déi ganzen Zäit mat der Këscht handikapéiert, déi net ka geréckelt ginn, an an déi mer vun Text praktescht näischt drakréien. Gutt, datt mer bei de Beem net och nach mat deem Fetischismus ugefaangen hunn. Ech hunn d'Këscht scho "geréckelt". --Cornischong 22:05, 26. Abr 2008 (UTC)

Elo ass den hl. Rochus (mat deem ech net Famill sinn :-)) am Text verschwonn. Dass hien awer an der Kapell veréiert gëtt, oder zumindest gouf, kann een e.a. op der Afferkëscht nieft der Entrée an der Kapell liesen, wou steet: zu Ehren des hl Rochus.
Ech hunn d'Veréierung vum Rochus also erëm bäigesat... an dann ass jo och d'Prozessioun am Oktober.
Dann och nach: déi laang Erklärung hannert der Par Bissen fannen ech iwwerflësseg, well hei net relevant. Dëst soll ee ménger Meenung no am Artikel 'Par Biissen' noliesen. --Cayambe 11:12, 27. Abr 2008 (UTC)

Wann "obwuel dësen Hellegen heiuewen veréiert gëtt" do steet, da wäert alt nach en anere wéi ech sech froen, wou dat "heiuewen" ass. Well ech weess, wien dat "net relevant" dragesat hat, loossen ech et emol stoen. An enger Wikipedia, an där sech, bis op e puer Ausnamen, schwéiergedoe gëtt, fir iwwerhaapt emol een eenzege Saz ze schreiwen, ass et scho bal e Wonner, wann een der zéng hannetenee schreift. Fir deen Text an den Artikel "Kierch Biissen" ze réckelen, ass natierlech legitim. Dat Thema "Relevanz" ass natierlech wichteg. Wa mer nach keen Artikel iwwer déi richteg wichteg lokal an international Themen hunn, kommen engem "verschidde Saachen" zimmlech "exotesch" vir. Mee, ziel emol d'Sätz, déi an engem Dag hei an Artikele bäigeschriwwe ginn ........ --Cornischong 12:13, 27. Abr 2008 (UTC)

D'Bild BiissenWobiergKapell02 (gouf vu mir eropgelueden) soll geläscht gi w.e.g., well et net méi verlinkt ass Cayambe 09:53, 30. Abr 2008 (UTC)

Solle mer net besser Kapell Biissen/Wobierg réckelen op:
Rochuskapell Bissen ? Sou heescht se zu Biissen, sou steet et op dem Stroosseschëlt an och op der Brochure vun 2004 (150jähreger Feier vun der Pressessioun)... an och den Dag vun der Pressessioun heescht esou: Rouchidag. --Cayambe 19:28, 21. Aug. 2008 (UTC)[äntweren]