Diskussioun:Rol Backendorf

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zu de rezenten Ännerungen:

  • "Eisendréier": war effektiv e komeschen Ausdrock, mee einfach mat "Dréier" kéint och en Dréier am Holz geméngt sinn.

* "Duerch eng prezis Uewerflächengestaltung...": misst do net "vu (flaache) Metallplacken" hannendrustoen datt een dat besser versteet. (net méi aktuell)

  • "Zesummespill vu Liicht a Beweegung": ass hei kloer wat dann elo a Beweegung ass? Et ass nämlech esou datt wann d'Persoun virum Wierk sech net beweegt déi Illusioun vun der Kinetik net entsteet.

--Fliedermaus 09:03, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Do fale mer nees iwwer eis Féiss. Et schéngt, wéi wa mer net géifen "drechselen". Wann dat esou ass, dann ass eis "Drechselbänk" schonns ofgedréit. Mat der Dréibänk gesi mer och al aus, well déi heescht am Däitsche schonn eng Zäit "Drehmaschine". Wann am Ländche vun Dréier Rieds geet, ass "prinzipiell" dee gemengt, deen op enger "Dréibänk" Metall ofdréint.
Ech hätt am léifsten (awer de Kleeschen ass laanscht), wa mer eng Drechselbänk an eng Dréibänk schreiwen. Wa mer op staatlech Hëllef waarden, da gi mer nach al an dout. Lo wäert jo bestëmmt nach ee getrëppelt komme mat enger Holzdréibänk an enger Metalldréibänk. Da bleift nach de Probleem mat der Maschinn, déi Plastik ofdréit.
Déi aner Konschtkritkersproochbalancetricke sollen déi vertriwwelen. Ech ginn dovun aus, datt dobäi eng gewësse "Narrefräiheet" ëm sech gräift :-)) --Cornischong 10:06, 10. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]