Diskussioun:Roy Sentjens

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut,

Solle mir de Lemma net vun "Roy Sentgens" (mat "g") op "Roy Sentjens" (mat "j") ëmänneren?--Fliedermaus 11:35, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Mir solle net nëmmen mee ech hunn e geréckelt. --Pecalux 12:57, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Wéi kënnt et, datt kee "Réckelen"-Reider méi ze gesinn ass? Liesbrëll

Wéi et kënnt weess ech net. Bei mir war en ze gesinn an ech hunn e profitéiert. --Pecalux 12:57, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Merci fir d'Réckelen
Ech hat mech verflappt Les Meloures 13:12, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Fir de Pecalux an de Liesbrëll: Mat grousser Freed hunn ech déi héichqualifizéiert Kommentare gelies. Dat zielt ganz besonnesch fir deen Admin, deen nëmme geréckelt huet an et duerno net fäedeg bruecht huet fir deen elo iwwerflëssegen Lemma "Roy Sentges" ze läschen. Oder weess deen helle Kapp net datt beim aktivéieren vu "Réckelen" deen ale Lemma mat engem "Redirect" bestoe bleiwt?--Fliedermaus 13:30, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Fir de Les Meloures: Merci fir d'Läsche vum "Roy Sentgens". --Fliedermaus 13:30, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Fir d'Fliedermaus:
Ech hat absichtlech dee falsche Lemma (nach) net geläscht. Grond: Wann een en Artikel mat engem falsche Lemma erastellt, da besteet och d'Méiglechkeet dass Leit de Numm falsch agi wann se Informatiounen iwwer de Roy Sentjens sichen. Well ech dee falsche Lemma awer net geläscht hunn ass e Redirect op dee korrekte Lemma bestoe bliwwen. Elo, nom Läschen, besteet dee net méi.
Merci trotzdeem fir deng frëndlech Bemierkungen an entschëlleg mech wann ech dech sollt vexéiert hunn. Dat war net meng Absicht.
--Pecalux 14:01, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Fir mech selwer: No all deene grousse Freedausbréch, Verflappereien, Remerciementer, frëndleche Bemierkungen, Entschëllegungen, Vexéiereien an Absichten hat ech eng Äntwert op meng Froen (déi hei an déi am Stamminet) erwaart. Merci dann. Liesbrëll

Moie Liesbrëll
Vu weem has du um Staminet eng Äntwert erwaart?
Et ass esou datt jiddereen deen hei mathëlleft grad esou wéi s du, dat fräiwelleg mécht, net ëmmer aktiv ass, a scho guer net nëmmen op der Lauer sëtzt fir engem sou séier wéi méiglech eng Äntwert um Staminet ze ginn.
Et gëtt deemno vill Méiglechkeeten, firwat datt s de d'Äntwert net séier genuch kruuts:
  1. Et hat nach keen deng Fro gelies
  2. Et woust keen eng Äntwert, dat schreift en dann net extra dohinner
  3. Et wollt keen äntwerten dat ass och alt schonns virkomm

Les Meloures 14:56, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

4. Et war een do deen d'Fro Wéi kënnt et, datt kee "Réckelen"-Reider méi ze gesinn ass? als bëssege Kommentar ugesinn huet an net als effektiv Fro!

Ech hunn dat elo bei mir getest (mat Firefox an Internet Explorer). Nom aloggen hunn ech de "Réckelen" bei mir awer gesinn. Klappt et net no engem "View/Reload", respektiv "View/Refresh" op Browser-Niveau?--Fliedermaus 15:18, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]

Un d'Fliedermaus

Datt de Pecalux net direkt geläscht huet ass a mengen Ae guer net esou schlëmm, am Contraire dat ass ganz richteg esou. Wan nom Geréckels direkt geläscht gëtt, huet e Bot keen Zougrëff op den neie Lemma, an et muss een d'Interwikie manuel an all den anersproochege Wikien eraushuelen an ersetze goen, soss linken déi op eng doudeg Säit.

Les Meloures 15:15, 30. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]