Diskussioun:Saragossa

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei si vill Zuele g'ännert ginn. Wat ech mech froen: Wouhir stamen déi "al" a wouhier stamen déi "nei"? A firwat si se g'ännert ginn? A watfir Zuele si richteg? Wa mar nees e kënnt an deen ännert se och ouni ee Wuert Kommentar, wat soe deem dann? --Cornischong 20:47, 26. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Lo hunn ech nach e Bléck op d'Awunnerzuele gehäit. Just an der de-Wiki an an der en-Wiki. Jiddereen huet "seng" Zuelen, déi natierlechanescht wéi deem anere seng sinn. A kee seet wou se hirsinn. Looss mer mol soen ...dat ass net seriéis. --Cornischong 20:53, 26. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Gëtt et elo witzeg oder domm a blöd? Muss elo eng IP 81.244.165.11 aus dem Zylinder gezu ginn, déi soll, wéi et schéngt dofir biergen, datt déi Zuel vum Instituto Nacional de Estadistica staamt? Wou ass de Link op dem INE säin Dossier? --Cornischong 22:34, 26. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Wann all zéng Joer a Spuenien d'Vollekk gezielt gëtt, déi leschte Kéier 2001, dann nach eisen Äifregen 81.244. .... mengt den Numm vum INE derbäizesetzen, datt dat méi besser mécht, da kéint een emol bei den INE erakucken: ( http://www1.ine.es/intercensal/busquedaMunicipio?numPag=0&opcionDeBusqueda=PorTexto&criterioDelTextoMunicipio=0&textoMunicipio=Zaragoza&L=0 ). Huet een aner Zuelen? --Cornischong 22:52, 26. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Um offizielle Site vun de Gemeng Saragossa steet: 660.895 Awunner am Joer 2006. Geännert haat ech d'Zuel op 654.390 am Joer 2007 vun der spuenescher wiki kopéiert fir méi aktuell ze sinn. Wann dat als Quell net duer geet, giff ech virschloen di 660.895 vun 2006 erëm dranzesetzen. Dat ass offiziell, d'Gemeng wäert jo schliesslech am beschte wësse wéivill Leit do wunnen. --Alexandra 08:58, 27. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Um Site vun der INE steet d'Zuel vun 654.390 am Joer 2007. Déi Donnéeën ginn op der spuenescher wiki als Referenz geholl. --Alexandra 09:05, 27. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]