Diskussioun:Serie 181 DB

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Firwat ass den Artikel markéiert als net konform mat den Critère??

--Luxmaster051 09:14, 26. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Well villzevill orthographesch a grammatesch Feeler dra sinn, ofgesi vu stilistesche Nuancen, déi ee net ëmmer, bei Iwwersetzungen aus der de:Wiki, einfach esou ka mat iwwerhuelen. Duerfir: Iwwerschaffen! Den Auteur soll selwer probéieren all dës Feeler ze verbesseren a sech net dropp verloossen dass anerer dat maachen. Awer keng Angscht: Den Artikel u sech ass net schlecht a gëtt dofir och net esouséier geläscht. --Pecalux 09:27, 26. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]
Just e puer Beispiller:
Zesummegesate Wierder ginn unenee geschriwwen, dofir heesche se esou.
Den Ënnerscheed tëscht fir (fir eppes) a vir (vir an hannen) -- gouf schonns eng Kéier op Ärer Diskussiounssäit breetgetrëppelt.
Les Meloures 10:39, 26. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

An d'Fuerwen, schreiwen sech also och an engem Wuert!? Ozeanblo an Verkéiersrout? Ech hunn en lo nach eng Kéier iwwerschafft.

--Luxmaster051 10:47, 26. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
well haut d'Sonn schéngt, hunn ech emol déi sëllege Verbesserunge gemaach. Hei kënnt Der kucken, wat verännert gouf. Et si gréisstendeels rekurrent Feeleren: Endungs-N, deeen no Eifeler Reegel ewechfält oder och net, vir (dt: "vor") vs. fir (dt: "für"), Endungen op -ech/-esch, asw. Ech fannen den Artikel och intressant an informativ, mee hoffen, dass den Auteur aus de Verbesserungen hei léiert a sech bei weideren aus deeër Kategorie eng Minutt Zäit hëlt, ze iwwerliesen. Ech kann neemlech och gutt verstoen, wann Anerer hei an s do granzeg ginn, wann se ëmmer déi selwecht Feeler verbessere mussen. Kengem ass eis Orthographie an d'Wéi geluecht ginn, an an der Schoul huet och kaum een se geléiert, mee mat e bësse gudde Wëlle kann een sech dee Grappvoll Reegelen, op déi et ukënnt, séier bäibréngen. --Zinneke 10:56, 26. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]