Diskussioun:Servais-Haus (Miersch)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Op d'Nofro vum Christian Ries

Koordinaten ausgeklamert, well si nët funktionéieren, kann een Admin w.e.g. nokucken firwat?

Gudden Owend
Et huet een Admin nogekuckt firwat datt d'Koordinaten net funktionnéieren. D'Ursaach ass eng ganz einfach. Se si falsch. --Les Meloures 23:10, 15. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien
Et huet nach een Admin nogekuckt firwat datt d'Koordinaten net funktionnéieren. A well se falsch waren, huet en se einfach verbessert. --Pecalux 05:19, 16. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Remoien
Kleng supplementar Explicatioun. Et war mer gëschter um Hallefnuecht e bësselchen ze spéit fir déi richteg Koordinaten nozekucken, doriwwer eraus wousst ech och net genee wou dat Haus steet.
Datt d'Schabloun net funktionnéiert huet an dat war d'Fro, louch och net an der geneeër Bestëmmung vun der Plaz, mä dat koum doduercher datt falsch Parameteren agesat goufen. An enger Schabloun déi mat Minutten a Sekonnen opgebaut ass kënne keng Wäerter déi méi grouss sinn wéi 59'59,99'' drastoen. --Les Meloures 10:14, 16. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]