Diskussioun:Stand

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Firwat ass hei d'Halschent vum Artikel iwwer Frankräich obschonn dovun dat meescht am Artikel iwwer d'Generalstänn steet.

Firwat gëtt net vun de Stänn an anere Länner geschwat. -- de klenge jean-Jacques.


Wa verschidde Leit - wéi de klenge Jean-Jaques - sech géifen zréckhalen, amplaz ëmmer direkt op alles ze sprangen, wat knapps ugefaang gouf, da bräichten etlech Froë guer net gestallt ze ginn.

Den Artikel "Generalstänn", souwäit en sech bal nëmme mat Frankräich ofgëtt, muss anescht betitelt ginn, an zwar "Generalstänn a Frankräich".

Mee virdrunn, deemno op enger anerer Säit, muss de Begrëff "Stand" mol ganz allgemeng erklärt gi sinn, wat elo hei geschitt ass; déi verschidde Stännversammlunge mussen dann erwähnt ginn; an zum Schluss solle konkret Beispiller beschriwwe ginn, wa méiglech an engem Kinnekräich (Frankräich, z. B.) an an enger Republik (Vereenegt Provënze vun den Nidderlanden, z. B.). Dann huet een den Tour vun der Fro +/- gemaach.

Gréiss,

C.