Diskussioun:Steesel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gëtt Stesel net mat engem e geschriwwen ? --Alexandra 17:20, 28 Juli 2005 (UTC)

Stesel gëtt mat engem e geschriwwen! Mee et ass Steesel. :-))))) --Cornischong 18:15, 28 Juli 2005 (UTC)


Ah jo wanns du et natierlech esougesäis. Zu StEEsel ginn et awer lauter Schëlder mat StEsel dropstoen: Steselerstuff, Uertschaftsschëld..... asw  :-) --Alexandra 10:27, 29 Juli 2005 (UTC)

Stesel oder Steesel[Quelltext änneren]

Moien, heidriwwer war sengerzäit jo net vill dobäi erauskomm. Mä wouhir kënnt dat Steesel hei op Wikipedia?
Stesel um Geoportail.lu
Stesel an de Coordonnees-LUREF-lieux-habites.xls, LIEUX-HABITES du Grand-Duché de Luxembourg (ech mengen déi kennt vum Kadaster)
Stesel um Stroosseschëld
Steesel just op steinsel.lu
--Jwh (Diskussioun) 22:45, 3. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, wann ech mech gutt erënneren ass sech senger Zäit bei den Uertschaftnimm, op déi Schreifweis baséiert ginn déi de Josy Braun a sengem Bichelche virgëtt.
Et ass och par Analogie zum Steen (Stein), déi richteg. D'Reegel déi bei Reegel a Segel ugewannt gëtt, passt hei net, well d'Wuert jo net tel quel aus dem Däitsche kënnt. D'Gemeng schéngt dat scho richteg gemaach ze hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 05:29, 4. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]
Merci, verstinn ech richteg, an deem Fall "overruled" de Josy Braun d'Schabloun:Kadaster Nimm? --Jwh (Diskussioun) 07:34, 4. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]
Jo, de Kadaster huet sech zwar scho vill Méi mat der Schreifweis ginn, mä heiansdo sinn nach Boboen dran. --Les Meloures (Diskussioun) 10:37, 4. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]