Diskussioun:Sues

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Betrëfft d'Lesche vun der Kaart vum Areler Land (ouni Begrënnung): Falls et em d'Relevanz geet, d'Uertschaft, em déi et am Artikel geet, ass op der Kaart ze fannen ("Sampont", um westlechen Deel vun der Autobunn A6).Baltshazzar 13:44, 9. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hätt effektiv eng Begrënnung derbäisetze sollen, dass ech d'Kaart aus dem Artikel erausgeholl (net geläscht) hunn: Se weist d'ganz Areler Land, a Sues muss ee bal mat der Lupp sichen. Se gehéiert deemno, wa schonns, éischter an den Artikel iwwert d'Areler Land. A la rigueur wier eng Kaart vun Notzen, déi d'Gemeng Arel mat hiren Uertschafte giff weisen, mee esou, fannen ech, passt se net an den Artikel. Dat soll awer keng Bewertung vun der Kaart oder dem Artikel sinn: Béid si "gutt", mee passen net beieneen.
--Zinneke 13:39, 9. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Bon, Zinneke, vu dass et der esou wichteg ass, dass den Artikel ouni Kaart bleiwt, di Saach ass mer kee Klengkrich wert... Baltshazzar 13:43, 9. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]