Diskussioun:Tounwäertëmfank

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien

den DFL seet Ëmfang. Soen aner Bicher eppes aneschters. Les Meloures 21:24, 8. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Déi Fro do kléngt seriéis, mee den Ament, an deem se gestallt gëtt, mécht nodenklech. Do gesäit een, datt fir den däitschen "Umfang" a villen Artikelen "Ëmfank" steet. Doropshin ännert deen alles op "Ëmfang", an da freet en hei, ob aner Bicher eppes anescht soen. Wéi kënnt dat? An dobäi hu mer eng extra Säit Wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass an eng Wikipedia:Ech hunn eng Fro. --Cornischong 22:36, 8. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Hu mer se nach all?[Quelltext änneren]

Et schéngt es net. Et geet ëm d'Wuert, dat am Däitschen "Umfang" heescht. Dat stoung aus guddem Gronn an eisen Artikelen als "Ëmfank" an enger Partie Artikelen. Da fënnt et sech datt een dat ännere geet op "Ëmfang" an duerno freet, ob aner Bicher wéi den DFL eppes "aneschters" soen.
Ma nawell: D'Luxemburger Wörterbuch (Band I Säit 261) "seet" "Ëmfank"; de Josy Braun a sengem "Eis Sprooch richteg schreiwen" schreift an der 13. Oplo vun 2007 op der Säit 31 "Ëmfank" (dobäi gëtt hien och nach "Empfank, Gank, Gesank, Fank a Klank un). Den DLW "seet" op der Säit 394 ënner "Umfang" "Ëmfank"; an zousätzlech "a groussem Ëmfank" an "a vollem Ëmfank". Dann ännere mer dat Geänners nees zréck, gell?? Hu mer se nach all? freet sech de --Cornischong 23:01, 8. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Geet et nëmme mat frechen Äntwerten[Quelltext änneren]

Du brauchs hei net se frech ze sinn. Wann den DFL dat do stoen huet da musst dat Wierderbucher dat froen, op et se nach all huet an net e Mataarbechter.

Den DFL seet fir d'circonférence war dem däitschen Umfang ëntsprécht :Ëmfang.

Den Empfank steet do fir réception. Komesch ass schonn datt aner Bicher dat duerchernee werfen.

Do si Froe berechtegt. An et muss ee sech och froen wateree Buch richteg ass. Vläicht kritt den Online-Dictionnaire nach eng aner Versioun.

A wann ech dann dervun ausginn datt den DFL no dem DLW erauskoum, an an deem wéi et den Ausoen vun der Redaktioun no, mat der Entwécklung vun der Sprooch zesummenhänkt datt en dem DFL en etlech Wierder eng aner Schreiweis hunn ewéi am DLW, a bei all deene Bicher déi selwecht Kommissioun en A drophuet, da muss ee sech Froe stellen.

D'Fro op nach een se all huet ass einfach hondsgemeng frech an huet näischt mat der Saach ze dinn. Et kann een och Äntwerten héiflech formuléieren. Ech hoffen datt déi provokativ a frech Tounlagen an Zukunft op der Säit bleiwen.

Dann nach eng Informatioun: du hues vläicht iwwersinn datts de selwer an Artikelen Ëmfang geschriwwen hues.

Du misst der da vläicht eens mat der selwer sinn, amplaz aner Leit hei ze hondsen.


Les Meloures 07:29, 9. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Supplementar Info:
Ech hu meng Fro gestallt well ech beim Ännere gemierkt hunn datt nach an engem Pak Artikelen bal dat eent oder dat annert steet ouni datt ech dra verbessere war, a wollt d'Saach dofir kloer stellen éeisrt ech mat Rescht weider wollt fueren.

Mär ass et och zimmlech egal op et dat eent oder dat anert ass, mee et soll iwwerall d'selwecht sinn.

Ech hoffen datt déi Iddi z'akzeptéieren ass.

Les Meloures 10:53, 9. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


"amplaz aner Leit hei ze hondsen": Dat ass léif. Et soll een net mat Wierder jongléieren, ouni deenen hire Sënn ze kennen. Et sollt wuel "verzonzen" heeschen. Dat gëtt souguer am Däitsche mat "nz" geschriwwen. Mee an dësen analphabeteschen Zäiten muss nees un déi sëllege Lëtzebuergesch-Coursen erënnert ginn, déi uechter d'Land gehale ginn. "Komesch ass schonn datt aner Bicher dat duerchernee werfen. ":- Tjo, sou laang, wéi et nëmmen "déi aner" Bicher sinn. "D'Fro op nach een se all huet ass einfach hondsgemeng frech": Ech hunn, wéi et schéngt, nach net genuch Melores-Ausdréck hei zitéiert. An nach eppes: No enem Frosaz kënnt wierklech e Fragezeichen (dat "-zeichen" gefält mer natierlech och!), wéi den DLW dat nennt. "du hues vläicht iwwersinn datts de selwer an Artikelen Ëmfang geschriwwen hues": Dat muss da wuel express geschitt sinn, well ech iere mech jo ni. Sou, lo schreif roueg weider un denge Statistiken, datt mer wësse, wien hei wat mécht ausser "Talk"säite fëllen. A vergiess net; "wéi een an de Bësch rifft ...." Sou, lo hunn ech hei genuch gebraddelt. Sich der aner Gespréichsleit eraus ënner deenen, déi deeës "Getalks" nach net genuch hunn. --Cornischong 11:12, 9. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]