Diskussioun:Tour de Luxembourg 2021

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déi wéivillt Editioun?[Quelltext änneren]

Den Artikel geet u mat "Déi 81. Editioun vum Tour de Luxembourg…". Wann den éischten Tour 1935 gefuer gouf an et 1940 an 1944 kee gouf (https://skodatour.lu/history/), da misst d'Editioun 2021 déi 85. Editioun sinn. De Feeler schéngt vum Artikel vun 1994 ze kommen, well do vun der 54. Editioun Rieds geet, obwuel et déi 58. misst sinn. Oder hunn ech eppes iwwersinn? @GilPe GilPe (Diskussioun) 19:26, 8. Sep. 2021 (UTC)[äntweren]

Moien dat kënnt wahrscheinlech dohier well sech un anere Wikien orientéiert gouf (déi déi Numerotatioun och sou hunn) well déi Tier am Krich (mat 8 Mann um Depart) net fir eescht geholl goufen a wahrscheinlech international net validéiert goufen, well ausser Däitschland och keng aner international Participatioun debäi war.Dee vu 46 war iwwregens och net fir Profien organiséiert. Ech hunn nach keng Lëscht vun der UCI oder FSCL fonnt wou se drop stinn. Dat kéint ons vläicht weiderhëllefen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:18, 8. Sep. 2021 (UTC)[äntweren]