Diskussioun:Trëttoir

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann een iergendeppes wuertwiertlech kopéiert, wéi dat hei de Fall ass, da MUSS een soen, wou een dat ofgeschriwwen huet. Et geet net duer, nëmmen d'Wierk ze ernimmen, mee et MUSS een d'Editioun, Joer, Säit, etc dohi schreiwen. Dat ass en internationalen akadeemesche Standard, deen ech net erfonnt hunn. Beim Code de la route ginn et zB reegelméisseg nei Versiounen.

Ech muss mir permanent unhéieren, meng Aarbecht wier schlecht a géif net de Critèren vun enger Enzyklopedie entspriechen. Da mussen déi Leit, déi mir dat soen, sech awer wgl och drun halen.--Bdx (Diskussioun) 10:04, 3. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Cf, zB www.google.com/url?sa=t&rct=j&q=&esrc=s&source=web&cd=2&ved=0CCcQFjAB&url=http%3A%2F%2Fwww.ahs-vwa.at%2Fpluginfile.php%2F31%2Fmod_data%2Fcontent%2F263%2F02-VWA-Richtig-zitieren.pdf&ei=Soj1VNCYOMnqatCagfgP&usg=AFQjCNHUCeHMOqdWhkd00FJDsEZPNqJGyw&bvm=bv.87269000,d.d2s&cad=rja

Hei dréint et sech ëm e Gesetzestext an den Artikel iwwer d'Gesetz ass verlinkt, an do fënnt een de ganzen Text. Dat ass eng Referenz an eng Quell. Et gëtt keng honnert Code de la Routen zu Lëtzebuerg. D'Gesetz gëtt als coordinéiert Versioun um leschte Stand publizéiert. Dat huet näischt mat den Handbichelcher ze dinn déi all Joer oder all zweet Joer erauskommen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:19, 3. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]
Wann een iergendeppes wuertwiertlech kopéiert, wéi dat hei de Fall ass, da MUSS een soen, wou een dat ofgeschriwwen huet.
Dat gouf jo gesot an zwar am Code de la Route. Ass dat ze einfach ze verstoen???? --Les Meloures (Diskussioun) 10:28, 3. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

http://web5.uottawa.ca/www2/rl-lr/fra/citations-juridiques/1_12-citer_loi.html https://de.wikipedia.org/wiki/Zitieren_von_Rechtsnormen http://bibliotheque.uqac.ca/aide/bibliographie.php?section=9 Kapitel II, Artikel II, Punk 1.15....--Bdx (Diskussioun) 10:55, 3. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]


Déi selwecht däitsch wiki seet dat hei:

  1. Artikel sollen nur überprüfbare Informationen aus zuverlässiger Literatur enthalten.
  2. Angaben, die nur mit Rechercheaufwand bestätigt werden können, sowie strittige Angaben und Zitate sind mit Herkunftsangaben zu belegen.
Déi zwou Konditioune sinn am Artikel erfëllt grad sou wéi an all deenen anere ronn 160 Artikelen iwwer de Code de la Route well:
  1. D'Literatur ass ee Gesetzestext an deen ass glafwierdeg an zouverlässeg.
  2. Et brauch keng grouss Recherche gemaach ze ginn well d'Gesetz ass zitéiert a verlinkt, (Mausklick an du bass drop, nach e Mausklick an du hues den Text Dauer 4 Sekonnen) , an et ass keng diskutabel Donnée oder diskutabelt Zitat. --Les Meloures (Diskussioun) 12:11, 3. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Et ginn dräi Méiglechkeeten: guer net zitéieren, falsch zitéieren oder richteg zitéieren. Du zitéiers falsch.--Bdx (Diskussioun) 07:03, 4. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]

Ech hu guer näischt zitéeirt sooss stéing Zitat: am Text mam Zitat hannendrun.
Ech hunn och guer näischt beluecht soss stéing eppes an de Referenzen. Trivial Saachen déi jiddwerengem bekannt sinn brauchen net beluecht ze ginn. A Gesetzer solle vu jiddwerengem bekannt sinn. deen dee se net kennt ass selwer schold. Nul n'es censé ignorer la loi
Ech hunn op der Säit en direkte Link op de Gesetzestext gesat, an dat geet wéi bei villen Artikelen 100% duer fir datt de Benotzer eng Informatioun kritt an domat ass den Informatiounszweck erfëllt.
Et wier vläicht besser du géifs deng Krëppelartikele verbesseren. Onverständlech Sätz wéi am Artikel Stross a Behaaptungenen eng Stroos wier eng urbaniséiert Fläch (Weess de iwwerhaapt wat urbaniséiert heescht). Da bleift nach den Dampfgarer dee falsch beschriwwen ass, an de Mixer deens de ugeluecht hues ouni ze wësse wat et ass (dat hues du selwer gesot). Wann déi dräi Saache muer net redresséiert sinn da fléien se. --Les Meloures (Diskussioun) 07:25, 4. Mäe. 2015 (UTC)[äntweren]