Diskussioun:Tumulus op der Schanz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien!

Ass de Begrëff "Herrscher" net eng Grëtz iwwerdriwen? Op Däitsch wier et "Anführer", "(Stammes-)Fürst" oder "Häuptling". E lokalen oder souguer regionale Chef ass - mengen ech - net gutt mat "Herrscher" z'iwwersetzen, well dat Wuert setzt irgendwéi en organiséiert Räich, deemno e Staat, viraus. Vläicht misst een einfach "Prënz" schreiwen (?). Salut! R.D.

aus de:Wiki:
Prinz und Prinzessin sind die Bezeichnungen für alle nicht regierenden und standesgemäßen Nachkommen souveräner Fürstenhäuser (?) Servus P.N.

Moien, fir "Herrscher", vläit mol den Avis vu Concernéierte froen... --Jwh 22:16, 21. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Merci fir all déi Suggestiounen. "Herrscher" schéngt ner och eng Nummer ze grouss. Ech schreiwen emol "Chef oder Prënz" dohin; et schéngt jo soss net vill iwwer dee Mann bekannt ze sinn.--Zinneke 22:23, 21. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,
Am Artikel: deen un der Limite vun der Uertschaft Altréier (Schanz) läit. Ech hu probéiert fir déi Limite ze lokaliséieren dat schéngt awer net sou einfach ze sinn. Perséinlech ass et mer och zimmlech egal op et en Herrscher, e Fürst, ee Prënz (oder där méi waren ?) déi do hir lescht Rou fonnt hunn. Mech géif éischter intresséieren op den Tumulus um Bord vun der Uertschaft sou wéi et am Ufank do stoung, oder un der Limite devunner ze fannen ass.
Fir et méi kloer ze soen de Bord vun der Uertschaft ass dat wat direkt no den Haiser kënnt. D'Limite ass do wou den Territoire vun der Uertschaft ophält. Vu datt d'Schanz duerch d'Kadastersektiounen an zwee gedeelt ass, kéint d'Limite matzen am Duerf leien oder eventuell 2 km nërdlech oder südlech.
Mat Koordinate wier dat vläicht méiglech erauszefannen. --Les Meloures 23:09, 21. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Salut!

Ech halen net besonnesch op d'Wuert "Limite", mee "Bord" huet mech irgendwéi gestéiert, vläicht well et dem Ausdrock "u Bord (vun engem Schëff)" gläicht, a well een et eventuell zweemol muss kucke, fir et "à la française" ze liesen...; 't ass deemno méi eng Saach vu Gefill. Wier "Rand" dann net gutt am Lëtzebuergeschen ? Schéi Gréiss, R.D.

Et ass eben am Lëtzebuergesche wéi a ville Sproochen. Et muss een am Text erausfanne wat gemengt ass. E gutt Beisspill ass dozou geréiert. D'Eeër gi geréiert fir eng Eeërtrips ze maachen an eng Propritéit gëtt och geréiert awer de g gëtt wéi e j ausgeschwat. Um Rand gesinn wier um Rand näischt auszesetzen. Et ass just datt esou subjektiv Iwwerleeungen ëmmer erëm Gepoters kaschten. An där Zäit kéint een zwéi kleng Artikele schreiwen. Awer dat schéngt wéi d'Transmuselaner soen nicht im Sinne des Erfinders ze sinn. Trotzdeem Merci fir Är Opmierksamkeet op der Wikipedia. Et goufe jo och alt scho richteg Boboen entdeckt. Nach e schéinen Nomëtteg --Les Meloures 13:24, 22. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Fir d'Saach méi einfach ze maachen hunn ech d'Koordinate bäigesat. Eng Fro zum Text: Wéi ass de geneeën Titel vun "Duval 1987"? Dee gëtt net opgeschlësselt (am Text, wegl, net hei. Merci). --Zinneke 13:56, 22. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien!

Den Alain Duval ass Conservateur général honoraire du Patrimoine a Member vun enger unité de recherche vum CNRS. Ech sichen no der Referenz vu 1987! Salut, R.D.

P.S.: Wéi ass dat, datt "Flouer" (Däitsch: DIE Flur) op Lëtzebuergesch männlech ass? Ass dat, ewéi bei de Wierder "Brille", "Ecke", "Bier", op eng gewëssen dialektal "Mundfaulheit" zréckzeféieren, oder? Meng linguistesch Kompetenze si begrenzt... Merci - wa méiglech - fir eng Äntwert!


Dës Fro misst eigentlech am Wiktionnaire gestallt ginn.
Ech verstinn net richteg wat dat mat Mundfaulheit ze dinn huet. E Liddrege géif jo éischter d'Eck, d'Brëll, d'Flouer soen, ewéi den de ganz auszeschwätzen. Oder ass meng Logik do falsch. --Les Meloures 09:53, 23. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]


O.K., de Begrëff (deen ech jo tëscht Gänsefiissecher gesat hat) ass vläicht net glécklech gewielt. Ech stelle just fest, datt déi däitsch Artikelen "die" (Ecke, Brille, Flur...) an "das" (Bier...) dacks genuch duerch en "de(n)" op Lëtzebuergesch ersat ginn. Dat huet vläicht mat der proximitéit vum Franséischen ze dinn, mee ech weess et net. Ech wëll keen heimat beleidegt hunn! Salut! R.D.

Ech gleewe kaum datt ee sech beleidegt fillt, mä et wier vläicht net schlecht d'Direktivë vun der Wikipedia ze beuechten, an op den Diskussiounssäiten zu engem Artikel nëmmen iwwer deen Artikel ze diskutéieren. Soss verlafe mer ons op Hipches an Haapches. --Les Meloures 13:27, 23. Aug. 2011 (UTC)[äntweren]