Diskussioun:Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ënnert der watfirenger Stad? ;-) --Cornischong 18:14, 23 Jun 2005 (UTC)

D'Äntwert steet am Artikel. Den Titel ass vläicht net ideal, mee deen Tunnel huet menges Wëssens keen offiziellen Numm (kanns jo mol bäim Service Canalisation de la Ville de Luxembourg nofroen) an ech hat dee Moment eng Inspiratiounskris. --Otets 23:19, 23 Jun 2005 (UTC)


"dee vun der Biederplaz mat senger extrem gudder a grousser Quell." : - Alles extrem-mega-hyper-super oder wat? Wéi grouss ass eng extrem grouss Quell? Wéi gutt ass eng extrem gutt Quell? --Cornischong 01:31, 16 Dezember 2006 (UTC)

Wéi wier et mat "Kanalisatiounstunnel ënnert der Stad Lëtzebuerg" aplaz vun "Tunnel ënnert der Stad"?--Fliedermaus 17:49, 11 Januar 2007 (UTC)

Wou ass eigentlech d'Kanalisatioun? Den Tunnel selwer déngt jo, wann ech de konfusen Artikel sollt souwäit verstanen hunn, deelweis als ("als Loftschutzbunker ausbauen ze loossen, wat och deelweis geschitt ass ") "Loftschutzbunker", wat och ëmmer dat heesche soll. "1963 war den Tunnel fäerdeg an de Fiels gesprengt": Do ass also den Tunnel dragesprengt ginn; dat muss ee sech emol virstellen. "op der Plëss d'Arem": Wat dat "d'Arem" bedeite soll, misst och nach erklärt ginn. Vläicht hu sech do fréier déi "Arem" versammelt? Dem Théo Mey seng Fotoen hëllefen eis leider och net weider. well mer net matkréien, ("verbënnt de Péitrussdall mat dem Pafendall.") wou den Tunnel ze fannen ass, wou den Agank, resp. Ausgank ass. Wéi wier et da mat "ënner der Stad Lëtzebuerg", da krite mer den Tuddeler mam "..t_d..." ewech a mer wéissten, ëm watfir eng Stad et geet. --Cornischong 08:48, 12 Januar 2007 (UTC)