Diskussioun:UCI World Tour

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wei ass daat mat deeër Diskussion ëm de Pro Tour wou sech sollen Organisateuren draus zréckgezunn hunn. Waat ass elo do offiziell a richteg. Daat hei ass nëmmen eng Fro a keng Kritik um Artikel et ass jo sou droleg dass déi eng décidéieren nit matzemaachen an déi aaner zielen trotzdem déi Coursen derzou fir hiert Classement ze maachen. Der Däiwel soll daat verstoen :-) :-) Les Meloures 08:51, 21 September 2006 (UTC)

Hale mär eis net "relativ" ganz e bëssen zevill mat dem Vëlosport-Thema op? freet de --Cornischong 09:11, 21 September 2006 (UTC) sou ganz niewebäi.

0p d'Fro vum Les Meloures:

D'Lëscht vun der Courssen am Artikel UCI ProTour baséiert op dem UCI ProTour 2006 (dat steet och iwwer der Lëscht) an do hunn ech nach näischt héieren dat do déi eng oder aner Course net méi soll gewaërt ginn. ProTour 2006 - Offiziell Lëscht mat de Resultater.
Et ginn awer effektiv Problemer tëschent den Organisateuren vun de "Groussen Tier" wéi den Tour de France engersäits an der U.C.I. anersäits fir an der Zukunft en Accord fir den UCI ProTour ze fannen. Dat misst awer net direkt ëppes mam ProTour 2006 ze dinn hunn. Bis elo hunn ech nach kee Programm vum UCI ProTour 2007 gesinn; ech hunn awer och nach net duerno gesicht.--Fliedermaus 09:27, 21 September 2006 (UTC)

Op d'Fro vum Cornischong: Wéi ass dat gemengt? Zevill Artikelen vun engem Thema?--Fliedermaus 09:27, 21 September 2006 (UTC)