Diskussioun:Um leschte Lach päifen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass et dann nët: Aus dem leschte Lach päifen ? --Alexandra 07:30, 8 Jun 2005 (UTC)

Am Däitschen ass et "auf dem letzten Loch pfeifen" (DUDEN Redewendungen und sprichwörtliche Redensarten S. 460), well do geet et ëm dat leschte Lach bei engem Blosinstrument, dat heescht deen héichsten Toun. Mee den Thomas Mann huet a sengem "Buddenbrocks": "Wir Buddenbrocks pfeifen noch nicht aus dem letzten Loch" (S. 274) Fir en Hypochonder wéi de Mann, ass et also en anert Lach. --Cornischong 08:01, 8 Jun 2005 (UTC)

Mäi Bäitrag zu deem Artikel baséiert sech op dat, wat den Alain Atten virun e puer Deeg am Radio gesot huet. --Otets 08:12, 8 Jun 2005 (UTC)

Ok. Also ech wees et net. Ech hat mir d'Fro just gestallt well ech et nach nie an der Form heieren hunn. Më et ass alt wéi ëmmer, hei op der Wiki gëtt een all Dag eppes Neits gewuer an esouguer dass dat wat een de ganzen Dag esou schwätzt eigentlech grammatesch net richteg ass.... :-) Komesch dass et esouvill Differenzen ginn tëscht dem Geschriwwenen an dem Geschwatenem --Alexandra 08:21, 8 Jun 2005 (UTC)