Diskussioun:Veräi fir biologesch-dynamesch Landwirtschaft

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann de Club laut Statute VERÄIN FIR BIOLOGESCH-DYNAMESCH LANDWIRTSCHAFT heescht, miisst een dann déi Schreifweis net och als Lemma benotzen, esouguer wann dat der Eifeler Reegel net entsprécht? --Jamcelsus 07:37, 17. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut,
Dat ass den éiwege Problem dee sech stellt. Bei der korrekter franséischer Schreifweis huet sech duerchgesat datt mer déi an de Lemmaen applizéieren. Da misste mer dat jo och bei Lemmaen a Lëtzebuerger Sprooch fäerdegbréngen, mat engem Redirect op den Numm vun der Associatioun wéi se sech selwer nennt, a wéi se dat an hire Statute verankert huet.
Dat ass meng Opfaassung nodeems déi korrekt franséisch Schreifweis gebraucht gëtt, bei där mer och beim Lemma net respektéieren, wéi d'Organisatioun oder d'Associatioun an de Statuten heescht, déi am Memorial stinn.
Mä wéi iwwerall gëtt et och do Ausnamen, bei deenen den Numm op der Wiki esou gebraucht gëtt, wéi d'Assaociatioun sech selwer nennt, an net wéi en der Schreifweis entsprécht. Mer kënnen driwwer bis der Jomerdag diskutéieren, eng strikt Direktiv wäert et wuel ni doranner ginn.
Op jiddfer Fall soll den Numm deen an de Statute steet am Text vum Artikel ernimmt ginn, wann de Lemma anescht ass.
Les Meloures 08:07, 17. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]