Diskussioun:Waassertierm an der Stad Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eng Dampmaschinn – déi op där Plaz stoung wou haut d'Biederplaz ass

Moien, sou wäit wéi ech wees stoung déi Pompeldampmaschinn um Breede Wues bei der Eecherpaart. De Schaarschteg deen nach do steet ass e Relikt dervun. oder gouf et der vläicht zwou. --Les Meloures (Diskussioun) 08:39, 17. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech hunn e bësselche nogeschnoffelt et waren der effektiv zwou. De Schaarschteg vun der Dampmaschinn stoung matzen an der Kapuzinergaass nieft dem éischten Haus vun der Biederplaz an de Wassertuerm en decke véiereckege Batz stoung 20 Meter dernieft. Ech ginn mol d'Koordinaten hei un fir d'Saach e bësselchen ze visualiséieren.

Schaarschteg: 49° 36’ 47.90’’ N 06° 07’ 46.85’’ O

Waassertuerm: 49° 36’ 48.06’’ N 06° 07’ 45.91’’ O

--Les Meloures (Diskussioun) 21:25, 17. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

mä just e Rouer deen erop gaangen ass fir de Waasserdrock héich ze halen.
Ech versti schonn datt dat physikalesch dem hydraulesche Prinzip entsprécht, verstinn awer net wéi dat an der Wierklechkeet soll funktionéieren. Wou kéim deen Drock hier fir dee Rouer bis op déi Héicht ze fëllen. --87.67.254.222 17:18, 30. Mee 2016 (UTC)[äntweren]