Diskussioun:Weibëschof

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fro: Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem Weibëschof an engem Bëschof-Kuadjutor, Titel deen de Léon Lommel eng Zäit gedroen huet? Och de Léon Lommel huet deemols déi selwecht Aarbecht gemaach wéi déi, déi de Léon Wagener elo soll maachen.

Kuck hei dat spuert vill Geschreifs. Koadjutor

Richteg Definitioun[Quelltext änneren]

Well ech mat déier super intelligenter Äntwert näischt ufänke kann, hunn ech emol am Bistum nogefrot. Hei wat sie schreiwen:

E Bëschof-Koadjutor huet am Géigesaz zu engem Weibëschof Successiounsrecht, d.h. hie gëtt automatesch den nächste Bëschof. E Bëschof-Koadjutor ka genannt ginn, géint Enn vun engem Episcopat oder wann e Bëschof z.B. krank ass, dëst verhënnert dann datt et eng Vakanz gëtt. Lëtzebuerg hat bis elo 3x e Bëschof-Koadjutor. E Weibëschof dogéint secondéiert de Beschof a senger Aarbecht. - Um Niveau vum Weiegrad gëtt et awer keen Ënnerscheed tëscht Koadjutor a Weibëschof.

Firwat schreifs de dat net an den Artikel vum Kuadsch , wann et sou immens besser a richteg ass?