Dryaden

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ddraig.svg Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
The Dryad, Evelyn De Morgan (British, 1850-1919)

D'Dryade sinn an der griichescher Mythologie d'Nymphen déi an de Beem gelieft hunn. Genee geholl d'Nymphe vun den Eechen (gr. dryas fir Eech, vun der indoeuropäescher Wuerzel derew(o) fir Bam oder Holz), mä de Begrëff ass fir all Bamnymphen iwwerholl ginn. Hiert Schicksal war enk mat dem Bam an deem si gelieft hunn verbonnen.

Hamadryaden

D'Hamadryaden waren Deel vun hirem Bam. Wann de Bam gestuerwen ass, ass och d'Nymph gestuerwen. Aus deem Grond hunn d'Dryaden an d'griichesch Gëtter all Stierflechen, deen engem Bam wéi gedoen huet ouni d'Nymph virdrun unzeruffen, bestrooft.

Kuckt och [änneren]

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Dryads – Biller, Videoen oder Audiodateien