Dumongshaff

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Dumontshaff)
D'Wunnhaus am Juni 2009

Den Dumongshaff ass e fréiere Baurenhaff an der Gemeng Schëffleng.

Zanter 2002 huet d'Associatioun ProActif hire Sëtz an och d'Büroe vun hirer Direktioun am Wunnhaus vum fréieren Haff.[1]

Den Dumongshaff huet enger Naturschutzzon, déi ëstlech vum Haff läit, hiren Numm ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Naturschutzgebitt Dumontshaff.

Den Dumongshaff an och d'Naturschutzzon leien am Natura 2000-Gebitt "Ieweschten Uelzechtdall".

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Dumongshaff huet fréier zu Udeng gehéiert, engem Duerf an der Par Schëffleng mat nëmme véier Haiser, dat zanterhier verschwonnen ass. E Stroossennumm zu Schëffleng (rue de Hédange) erënnert nach un d'Duerf.[1]

Dem René Klein senge Fuerschungen no war 1254 den Zolwer Här (wuel den Theoderich I.) Proprietär vun der Uertschaft Udeng, an 1296 gëtt de Simon I. vu Keel do als Besëtzer ernimmt (dee war de Bouf vum Theoderich I.)[2]. Dat éischt Dokument wat konkreet den Haff bei Udeng ernimmt ass vu 1717, et geet do ëm e juristesche Sträit mam Zisterzienserklouschter zu Bouneweg, deem deemools den Haff mat de Lännereie gehéiert hunn. Doraus kann ee schléissen, datt den Dumongshaff scho laang virdru bestanen huet, a warscheinlech och op d'Mëttelalter zeréckgeet.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Administration de la nature et des forêts, 2011. Zone naturelle Dumontshaff. La nature mise en valeur. 116 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Zone naturelle Dumontshaff, Admin. de la nature et des forêts, 2011, S. 104.
  2. René Klein, Wappen und Ursprung der Herren von Kayl. in: Hémecht, 27, 1975, S. 95-102