Ecartement

Vu Wikipedia

Op enger Landkaart ass d'Ecartement déi horizontal Distanz déi tëscht zwou Niveauskurve läit.

D'Ecartement ass net op der ganzer Kaart d'selwecht. Wann e grousst Ecartement tëscht zwou Niveauskurven ass, heescht dat, datt d'Pente zimmlech kleng ass, an datt den Terrain flaach ass. Wann d'Ecartement kleng ass, also wann zwou Niveauskurven no beienaner léien, dann heescht dat, datt den Terrain zimmlech staark klëmmt oder fält.

D'Equidistanz ass den Héichtenënnerscheed tëscht zwou Niveauskurven