Eekel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Eekel ass en Empfanne vun enger staarker Aversioun an engem Widdermutt géintiwwer Objeten a Substanze wéi Iessekascht, Kierperflëssegkeeten, Gerécher , Exkrementer, organescher Matière, déi sech zersetzt, Behuele vun anere Leit an de Leit selwer.
Den Eekel ka sech ausdrécken an der Form vu Gierksen, Iwwelzegkeet, Schweessausbréch, Bluttdrocksännerungen oder souguer enger Schwächt.
Wëssenschaftlech gëtt den Eekel majoritär fir eng Emotioun gehalen, well en net ugebuer wier, mee sech duerch verschidde Sozialisatiounsphasen etnwéckelt hätt.
Interpersonellen Eekel [änneren]
Den Eekel ka sech och géintiwwer Persounen, eenzelne Kierperdeeler vun hinnen, hirem Otem, hirem Kierpergeroch oder einfach hirer Kierpertemperatur ausdrécken.
LIteratur [änneren]
- Winfried Menninghaus: Ekel. Theorie und Geschichte einer starken Empfindung, 1999
| Commons: Disgust – Biller, Videoen oder Audiodateien |