Eichmooss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dat fréiert Eichamt zu Rëmerschen
An der Metrologie an an de Währungssystemer ass eng Eichmooss a Modell vun enger Moosseenheet oder vun engem Gewiicht, dat als Referenz déngt, wéi zum Beispill de Standardmeter oder de Goldstandard.
Well am Handel an am Geschäftswiesen genee Moossen eng wichteg Roll spillen, musse verschidde Geschirer wéi Woen, an d'Gewiichter derfir, Moossbehälteren a.s.w., geeicht sinn. D'Kontrollorgan zu Lëtzebuerg wéi an anere Staaten ass de Service des poids et mesures de l'Etat och Eichamt genannt.
Zenter 2008 ass dëse Service am nei geschaffenen Institut luxembourgeois de la normalisation, de l’accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services ILNAS integréiert [1].