Emily Brontë

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Emily Brontë, gemoolt vun hirem Brudder Branwell Brontë.

D'Emily Jane Brontë, gebuer den 30. Juli 1818 zu Thornton, Yorkshire a gestuerwen den 19. Dezember 1848 zu Haworth, Yorkshire, war eng britesch Schrëftstellerin, déi duerch hiren eenzege Roman Wuthering Heights bekannt gouf. Si huet selwer just ënner hirem Pseudonym Ellis Bell publizéiert.

D'Emily Brontë war déi kleng Schwëster vun der Charlotte Brontë, déi, wéi och hir 2 gemeinsam aner Gesëschter Brandwell an Anne, gär geschriwwen huet.

D'Emily Brontë huet sech nieft dem Schreiwen och fir d'Natur intresséiert, an huet, no engem Openthalt zu Bréissel, Franséisch geschwat, an huet Latäin an Algriichesch geléiert gehat.

1846 hunn déi dräi Schwësteren e Gedichtband Poems erausbruecht, an dat Joer drop huet d'Emily hiren eenzege Roman, Wuthering Heights, publizéiert, deen haut zu de Klassiker vun der englescher Literatur gezielt gëtt.

Si ass 1848 un enger Longekränkt (Tuberkulos oder Longenentzündung) gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Emily Brontë – Biller, Videoen oder Audiodateien