Ettore Scola

Vu Wikipedia
Ettore Scola
Gebuer 10. Mee 1931
Trevico
Gestuerwen 19. Januar 2016
Roum
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Politiker, Regisseur

Den Ettore Scola, gebuer den 10. Mee 1931 zu Trevico, a Kampanien, a gestuerwen den 19. Januar 2016 zu Roum, war en italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Hien huet vun 1964 un, bannent 4 Joerzéngten, eng 40 Filmer realiséiert a fir eng 80 d'Dréibuch geschriwwen. Zu senge bekanntste Wierker zielen C'eravamo tanto amati (1974), Una giornata particolare (1977) a Brutti, sporchi e cattivi (1975). Hien thematiséiert dacks, op eng provokativ oder ironesch Aart, gesellschaftlech Aussesäiter, wéi eng Groussfamill, déi am Slum vu Roum wunnt (Brutti ...) oder awer Affer vum Faschismus (eng ënnerdréckt Hausfra an en homosexuelle Schauspiller an Una giornata ...).

Fir Brutti, Sporchi e Cattivi krut hien 1976 um Filmfestival vu Cannes 1976 de Präis fir déi bescht Regie, a fir Una giornata particolare gouf e mam Golden Globe fir de beschten net-englesche Film belount.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

D = Dréibuch, R = Regie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ettore Scola – Biller, Videoen oder Audiodateien