European Union Public Licence
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’EUPL (European Union Public Licence) ass eng Lizenz fir fräi Software, déi vun der Europäescher Kommissioun approuvéiert ginn ass. Se erlaabt, ënnert anerem, explizit d’Kopéieren an d’Modifizéiere vun der lizenséierter Software, ënnert der Conditioun datt all Modifikatiounen weiderhin déi selwecht Lizenz behalen, oder ënnert enger vun de "kompatibele" Lizenze relizenséiert gëtt.
D'Lizenz existéiert an den 23 offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun.
[änneren] Vergläich mat aneren Open-Source-Lizenzen
Entgéint anere Lizenzmodeller fir Open-Source-Software ass d'EUPL méi flexibel well se explizit d’Relizenséierung ënnert bestëmmten aneren Open-Source-Lizenzen erlaabt.
Als "kompatibel" Lizenze gëllen:
- GPL (GNU General Public License) 2
- OSL (Open Software License) 2.1, 3.0
- Common Public License 1.0
- Eclipse Public License 1.0
- CeCILL 2.0