Fichier Diskussioun:Gros salaires.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Iwwer d'Datéierung[Quelltext änneren]

Ech hu keng genee Unhaltspunkter fonnt, vu wéini d'Plakat ass. Et misst vu virum Éischte Weltkrich sinn, well ech mer net virstelle kann, dass tëscht 1914 an 1919 - wéi déi däitsch Konzerner hir Schmelzen zu Lëtzebuerg hu misse verkafen, a Lëtzebuerg d'Wirtschafts- an Zollunioun mat Däitschland opgekënnegt huet - a Frankräich Affichen hätte kinnten opgehaange ginn, déi mat "däitsche Léin" (an "däitschem Kascht"(!)) hätte kinnte lackelen.

D'Schmelz vu Rodange gouf 1872 gegrënnt an 1905 vun engem belsche Konsortium opkaf a moderniséiert. Déi vun Déifferdeng gouf 1892 gebaut an e bësse méi wéi 10 Joer dono un en däitsche Konzern verkaf.

D'Plakat kinnt deemno em 1910, plus/minus 4 Joer, entstane sinn.

Wee méi weess, as häerzlech gebieden, dëst hei anzedroen!

--Zinneke 10:49, 24 Oktober 2005 (UTC)

Rentenmark[Quelltext änneren]

Spekuléieren ass gutt, genee kucken ass besser. D'Schäiner um Bild sinn a "Rentenmark". Dës gouf et an Däitschland tëschent dem November 1923 an dem August 1924, wou se vun der "Reichsmark" ofgeléist gouf.

D'Datéierung bezitt sech deemno op déi puer Méint tëschent deenen 2 Datumen.

--Zinneke 16:38, 27 Oktober 2005 (UTC)

Hätte mer elo nach een(t) deen(dat) eis e puer Wierder zu deene Mark erziele wëllt. :-) Merci am Viraus. --Cornischong 16:40, 27 Oktober 2005 (UTC)


En Artikel iwwert d'Rentemark misst scho bal, fir versändlech ze sinn, am Kader vun engem iwwer d'Geschicht vun der Währung an Däitschland geschriwwe ginn. En décke Batz...
Mech intrigéiert éischter d'Saach, dass an der Mëtt vun den 1920er Joeren zu Lëtzebuerg d'Pai a Marken bezuelt gouf an och nach Reklamm domatt gemaach gouf, an dat, obwuel d'Schmelzen zënter 1919 all belsch oder lëtzebuergersch waren, an de Belgo-Lëtzebuerger Frang 1921 agefouert gi war. Wann do ee méi derzou wéisst... --Zinneke 08:00, 28 Oktober 2005 (UTC)


Am Ed Maroldt sengem neie Buch "Männer aus Eisen" steet, 't Plakat wär Propaganda vum Chef der Zivilverwaltung aus der Occupatiounszäit.(eng IP)

Dat steet do effektiv. Mee ouni Quell a Kontext. A wann dat theoreetesch och giff passen: Firwat da "Renten-" a keng "Reichsmark"? Esou e "Feeler" hätt d'streng preisesch Zensur dach koum duerchgelooss? An dann déi nom Nazi-Verständnes "urdeutsche" (!) Stied "Rodingen" an "Differdingen" op franséisch ze "vernennen"? Da si mer d'20er Joeren dach méi plausibel, och wann déi uewe gestallt Froe bis op weiders opbleiwen...
--Zinneke 23:11, 4 Dezember 2005 (UTC)
PS: zur Rentemark: http://de.wikipedia.org/wiki/Rentenmark.


User: Daat Schlaut 12.50. Auer, 15. Oktober 2007.

Daat doote Plakat gesäit eventuell no Raymond Mehlen äus, Édition: Les Cahiers Luxembourgeois, daat heescht villméi, en ass hei béis kopéiert gin.

De Fait, datt d'Peien an däitsche Marken bezuelt goufen, huet vléit domat ze din, datt déi éischt Schmelz vum Mayrisch vun der Gelsenkirschener Schmelz hir koum. (och wann den traité franco-allemand wor, awer eigentlech réischt duerno).

An der Korrespondenz tëschent dem Jacques Rivière an dem Här a Madame Mayrisch geet iwregens erfir, datt schon ëm 1920 eng Krichsstëmmung herrscht, souwuel zu Lëtzebuerg, wéi an Déitschland a Frankréich, an och Russland ass du schon matt derbäi!

Dach däitsch Besatzungszäit[Quelltext änneren]

No ettleche Jore sinn ech nees eng Kéier bei dësem Plakat a senger Datéierung hänke bliwwen. 2 nei Elementer zu deem wat uewe steet: d'Rentemark ass 1924 net duerch d'Reichsmark ersat ginn, mee déi zwou si parallel gelaf (an eréischt an de Joren nom 2. Weltkrich duerch d'D-Mark, resp. (DDR)Mark ersat ginn. Eng Sich no Auteur (Melzbach) an Drécker (Bastian, Winningen) ergëtt aner Plakater am Bezuch mam besate Lëtzebuerg, wéi z.B.hei.

Deemno ass d'Plakat warscheinlech dach aus der Zäit 1942-1944, wéi d'Schmelzen zu Lëtzebuerg op Héichtoure gelaf sinn, fir d'däitsch Krichsindustire Stol ze produzéieren, an anerersäits dausende vun Aarbechter an de Reichsarbeitsdienst oder d'Wehrmacht agezu gi sinn, sou dass et en akute Mangel un Aarbechtskräfte gouf (déi zu engem groussen Deel och duerch Ostarbeiter opgefëllt goufen).

--Zinneke 11:11, 7. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Jo, den Zinneke huet secher Recht.
Iwwer de Moler Fritz Melsbach (net Melzbach) an aner Wierker vun him: Deutschland siegt!, Roter Löwe erwache! Freiwillige vor zum Kampf für Großdeutschland., och beim Bastian zu Winningen gedréckt. D'Dréckerei Bastian schéngt dann och méi Chance ënner den Nazien, wéi ënner dem Adenauer gehat ze hunn: Versprochen und behalten. --Jwh (Diskussioun) 21:14, 4. Mee 2014 (UTC)[äntweren]