Flash (Barry Allen)

Vu Wikipedia
Flash
De Barry Allen als Flash
Zeechnung vum Brett Booth
Deckblat vum Vol. 4, #30 (Juni 2014)
Ass en(g) fiktive Mënsch, Televisiounsfigur, animéiert Figur, Filmfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Superheld, Zäitreesenden, Polizist
Universum
Aus DC-Universum
Present am Injustice: Gods Among Us,
Injustice 2

De Flash, och The Flash, ass e Superheld aus dem DC-Universum. D'Figur gouf vum Schrëftsteller Robert Kanigher an dem Zeechner Carmine Infantino kreéiert. Säin éischten Optrëtt hat de Barry Allen als Flash 1956 am Showcase N°4, enger Publikatioun aus dem Haus DC Comics. Dëse spezifesche Comic ass an der amerikanescher Comigeschicht net onwichteg, well en huet zu der Aféierung vum Silver Age bäigedroe. Am däitsche Sproochraum ass de Flash och als Roter Blitz bekannt. Déi Versioun koum als Comic bei Ehapa Media eraus.

De Flash zeechent sech duerch seng iwwermënschlech Vitess aus, wat souzesoe seng Superkraaft ass. Am normale Liewen heescht de Flash Barry Allen. Et erkennt een de Flash gutt u sengem roude Kostüm mat engem gëllene Blëtz op der Broscht. A sengem private Liewen ass de Flash Forensiker a mam Iris Allen bestuet.

Nieft dem Barry Allen gëtt et awer och nach aner Figuren, déi d'Roll vum Flash iwwerholl hunn. Sou ass de Barry Allen u sech net den éischte Flash, mä eng nei Interpretatioun vum Original, deen als Jay Garrick schons an den 1940er Joren a Comics opgedaucht ass. An dëser Rei ass de Barry Allen no dem Jay Garrick den zweete Personnage, deen d'Roll vum Flash iwwerhëlt.

Bis elo gëtt et op d'mannst 4 verschidde Charakteren, déi de Flash spillen. Hien ass nieft dem Batman an dem Superman ee vun de beléiftste Superhelde vun DC.

Et gëtt eng Rëtsch vu cinematographesche Realiséierunge vum Flash. Déi aktuellst ass wuel d'Flash-Serie, déi zanter 2014 op Netflix ze gesinn ass.

Gebuert an Doud vum Flash[änneren | Quelltext änneren]

Seng Superkräfte krut de Barry Allen, wéi e vun engem Blëtz getraff gouf. Doropshi sinn ënnerschiddlech Chemikalien op hie gefall. Dat huet dozou gefouert, datt hien iwwermënschlech séier ginn ass. Och seng Reflexer goufen duerch d'Accident vill besser. Sou ass hien de Flash ginn, en Held deen d'Gangster a senger Heemechtsstad Central City jot an zur Rechenschaft zitt.

Säi Kostüm hält de Flash verstoppt ënnert kompriméierter Form an engem spezielle Rank. De Barry Allen ass als Personnage am Comic Crisis on Intinite Earths aus dem Joer 1985 gestuerwen an ass fir iwwer 20 Joer dout bliwwen, bis en dunn  am Joer 2008 duerch d'Serie Final Crisis erëm komm ass. E grousse Succès hat och déi am Joer 2009 erausbruechte Serie The Flash: Rebirth.

Fäegkeeten[änneren | Quelltext änneren]

De Flash ka sou séier lafen, datt hie sech souguer iwwer Waasser an an der Loft beweege kann. Mat der Zäit kritt hie seng Kräften ëmmer méi ënner Kontroll a vun engem bestëmmte Moment un, huet e seng Kierpermolekülle sou gutt ënner Kontroll, datt hie souguer duerch Mauere goe kann[1]. Nieft senger kierperlecher Vitess kann de Flash och ganz séier denken. Sou ka kee seng Gedanke liesen an et ass fir normal Leit och dacks schwéier, him an de Gedanken nozekommen. Trotz senger grousser Vitess ass de Flash allgemeng dofir bekannt, net ëmmer pünktlech ze sinn, wat sengem Personnage den Titel vum séiersten a gläichzäiteg onpünktlechste Mënsch vun der Welt gëtt. Mat der Zäit léiert de Flash och, de Raum-Zäit-Kontinuum ze manipuléieren a sech an d'Vergaangenheet sou wéi och an d'Zukunft ze beweegen, eleng mam richtegen Asaz vu senger Vitess am richtegen Ament. Hie ka seng Vitess och asetze fir en Zyklon z'erstellen, andeems e seng Ärem séier dréint. Donieft kann hie selwer och Blëtzer produzéieren an déi op seng Géigner geheien. Wann hie séier am Krees leeft kann hien och en Tornado ervirruffen.

Justice League[änneren | Quelltext änneren]

De Flash ass och en Deel vun der Justice League, enger Ekipp vu Superhelden, déi all aus dem DC-Universum stamen. D'Iddi vun der Liga staamt vum Schrëftsteller Gardner Fox. Déi éischt Kéier wou een eppes iwwert déi Liga liese kann ass am Comic The Brave and The Bold N°28, aus dem Joer 1960. Ursprénglech gouf et 7 Grënnungsmembere vun där Liga: Den Aquaman, de Batman, de Flash, de Green Lantern, de Martian Manhunter, de Superman an d'Wonder Woman. Mat de Joren huet sech d'Zesummestellung vun der Liga ëmmer nees geännert, sou datt och aner Superhelden hei opgetruede sinn.

Vum November 1960 un, krut d'Justice League hiren eegene Comic, deen dunn och Justice League of America geheescht huet. Dei lescht Verfilmung, déi einfach Justice League geheescht huet koum am Joer 2017 an d'Kinoen. An där gouf de Flash vum Schauspiller Ezra Miller verkierpert.

Multiversum[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Aféierung vum Barry Allen gouf och de sougenannte Multiversum, en neit Konzept vun DC, agefouert. Alleguer d'Superhelden déi vun DC geschaf goufen, fanne sech an enger vun de Parallelwelten aus dem Multiversum erëm. Sou iwwerschneide sech och verschidde Geschichten. Am US-The Flash#123 vun 1961 kënnt de Barry Allen op onerkläerlech Aart a Weis an eng aner Welt, an zwar an eng an där et schonn e Flash gëtt, nämlech deen aus den 1940er Joren, den Jay Garrick. Do gëtt dann d'Erklärung geliwwert, datt méi wéi nëmmen een Universum gläichzäiteg existéiert. Och wann déi sech zimmlech gläiche gëtt et tëscht hinnen eenzel Ënnerscheeder. Déi komplex Struktur vu parallelle Welte gouf vun DC ëmmer weider ausgebaut an huet sech konstant verännert, sou datt et haut an deem Universum 9 verschidde Welte gëtt.

De Logo vum Flash

Comics[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt vill verschidde Comic-Adaptatioune vum Flash. Mëttlerweil gëtt et scho 5 verschidde Volume vum Comic, déi sech vun 1959 un bis haut ëmmer nach weiderentwéckelen. An de Volumen 1,3,4 a 5 gëtt de Flash mam Personnage Barry Allen a Verbindung gesat wärend et am Volumen 2 de Wally West ass, deen d'Haaptroll iwwerhëlt.

Televisiounsserien[änneren | Quelltext änneren]

The Flash, deen am Joer 2014 als Serie ugelaf ass, gouf vum Greg Berlanti, Andrew Kreisberg an Geoff Johns produzéiert. D'Serie baséiert op de Flash-Comics. Interessant ass, datt et sech bei dëser Serie em eng sougenannte Spin-off Serie handelt. Sou huet d'Geschicht vum Flash, éiert se sech zu enger eegestänneger Serie entwéckelt huet, ufangs an der Welt vum Arrow, engem aneren DC-Held, gespillt. Well de Flash gutt beim Publique ukomm ass, hunn d'Produzenten sech dofir entscheet, eng eegestänneg Serie fir dëse Charakter z'erstellen. D'Serie besteet mëttlerweil aus 5 Staffele mat am Ganzen 115 Follgen.[2]

Grant Gustin

Et kennt och oft zu Iwwerschneidunge vun deenen zwou Serien, wou de Flash an den Arrow zesumme géint hir Géigespiller kämpfe mussen. Den Haaptcharakter aus der Serie ass de Barry Allen, dee vum Schauspiller Grant Gustin gespillt gëtt. A sengem normale Liewe schafft de Barry als Forensiker bei der Police, méi genau beim Criminal and Forensic Science Division of Central City Police Department.

Déi éischt Folleg ass de 7.Oktober 2014 an Nordamerika ugelaf a war vun Ufank un vu Succès gekréint. D'Pilotfolleg gouf no Vampire Diaries aus dem Joer 2009 zu der zweetmeescht gekuckter Pilotfolleg an der Geschicht vun CW, dem Televisiounsnetzwierk, dat d'Serie ausstraalt. Am selwechte Joer nach kann d'Serie souguer de People’s Choice Award fir sech gewannen, an zwar als „Favorite New TV Drama“.

Nieft dëser aktueller Serie gëtt et awer och schonn eng méi al, aus dem Joer 1990, déi och um Charakter vum Barry Allen baséiert. Et gëtt awer just eng Staffel mat 22 Follge vun dëser Serie, déi vun de Realisateuren Danny Bilson a Paul de Meo produzéiert gouf. Hei spillt den John Wesley Shipp de Barry Allen.

Nieft dësen zwou Serien, déi de Flash populär gemaach hunn, daucht hien och a Cartoons ob. Hien huet zwar keen eegene Cartoon mee et gesäit een hien oft an anere Cartoons déi sech haaptsächlech em de Superman oder de Batman dréinen. Och a verschiddene Lego-Serien déi vun den DC-Helden handelen, fënnt een de Flash, wéi zum Beispill am Lego Batman 2: DC Super Heroes.

Reverse-Flash[änneren | Quelltext änneren]

Nieft de verschiddene Versioune vum Flash gëtt et och e Reverse-Flash, deen ee vun de gréisste Feinde vum Flash ass. De Reverse-Flash ass, genau wéi de Flash, immens séier. Hie ka esouguer duerch seng Geschwindegkeet zeréck an d'Vergaangenheet oder no fir an d'Zukunft reesen. Och beim Reverse-Flash ginn et nees verschidde Versioune vum Charakter. Déi éischte Kéier ass de Reverse-Flash, deen och vum Carmine Infantino an d'Liewe geruff ginn ass, am Joer 1963 am Comic The Flash#139 opgetrueden. Och an der Flash Serie vun 2014 trëfft de Barry Allen op de Reverse-Flash, deen hei vum Tom Cavanagh gespillt gëtt. De Reverse Flash ass,wat seng Geschicht ugeet, keen typesche Béisen, sou wéi déi meescht aner aus dem DC-Universum oder och bei Marvel. Hunn déi meescht Géigner vun de grousse Superhelden oft en traumatescht Erliefnis hannert sech an empfannen e perséinlechen Haass géint e bestëmmte Personnage, sou ass et beim Reverse Flash de Géigendeel. Hien ass eigentlech e grousse Fan vum Flash[3], mee lieft awer net am Flash senger Zäit mee an der Zukunft. Hei stellt hien d'Experiment no, dat dem Flash seng Kräfte ginn huet a reest dann an d'Vergaangenheet, also an déi Zäit, an där de Barry Allen aktiv ass. Do léiert en dann datt hien u sech e Feind vum Flash ass, well hien an engem Paralelluniversum deem seng Mam ëmbruecht huet. En anere Grond fir hir Rivalitéit ass de Fait, datt si déi selwecht Superkräfte besëtzen.

Dës Rivalitéit gëtt weiderhin doduerch verstäerkt, datt de Reverse-Flash, och bekannt als Professor Zoom, dem Barry Allen seng Fra ëmbréngt. Sou ass dem Barry Allen säi Liewen duerch Tragedie an Verloscht vu wichtege Mënsche markéiert.

De Flash an der Pop-Kultur[änneren | Quelltext änneren]

De Flash fënnt een och an anere relativ bekannte Serien erëm. Dat bekanntst Beispill ass d'Serie The Big Bang Theory. Hei huet ee vun den Haaptcharakter, den Sheldon Cooper, oft en T-Shirt un mat dem Logo vum Flash drop. Duerch dës Duerstellung ass de klassesche Flash-T-Shirt zu engem beléifte Merchandise-Produkt ginn. An enger Folleg aus der selwechter Serie verkleede sech déi 4 Haaptcharaktere fir eng Comic-Con onofhängeg vun enee all als Flash, wat zu enger Sträitsituatioun féiert.

Nieft The Big Bang Theory gräifen och aner Serien de Charakter vum Flash op, ënner anerem d'Simpsons, d'Serie Lost oder och nach de Film Catch me if you can, an deem den Haaptcharakter Frank Abagnale Jr., gespillt vum Leonardo DiCaprio, sech fälschlecherweis als Barry Allen ausgëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

De Barry Allen ass net den eenzege Personnage deen am DC-Universum (The) Flash heescht. Et gëtt nach dräi aner Flashen:

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. https://www.dccomics.com/characters/the-flash
  2. https://www.imdb.com/title/tt3107288/
  3. https://comicsverse.com/reverse-flash-criminally-underrated/