Francisco Solano López

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Solano Lopez

De Francisco Solano López (Carrillo), gebuer de 24. Juli 1827 zu Asunción am Paraguay, a gestuerwen den 1. Mäerz 1870 zu Cerro Corá, war vun 1862 bis 1869 President vu Paraguay.

Hie war deen eelste Jong vum Diktator Carlos Antonio López a war mat 18 Joer schonn Brigadegenerol. Wéi de Papp den 10. September 1862 gestuerwen ass huet säi Jong mat Hëllef vum Militär d'Muecht iwwerholl. Op déi Manéier krut seng iresch Mätress Elisa Alicia Lynch e groussen Afloss op d'Politik vum Land.

Well hie seng Muecht ze grouss gesinn hat, an d'Stäerkt vun den Nopeschlänner Brasilien an Argentinien ënnerschat hat, huet en sech zu gläicher Zäit a Streidereien mat deenen zwee eranzéie gelooss an an e Biergerkrich a sengem eegene Land, an deen sech déi zwéin ernimmte Länder agemëscht hunn.

Am Dezember 1864 koum et dann zum Krich mat Brasilien. Andeems de López Argentinien gefrot huet, fir senger Truppen an d'Provënz Corrientes ze stationéieren, huet en et fäerdechbruecht , datt en den 1. Mee 1865 eng Tripelallianz géint sech hat. Brasilien, Argentinien an Uruguay. Hie koum nach dozou, fir déi brasilianiesch Mato Grosso-Provënz 1864 ze besetzen. Mä seng Invasioun an Uruguay 1865 war eng Katastroph. Am Januar 1869 huet hien sech missen zréckzéien an den nërdlechen Deel vu Paraguay, wou hien et nach iwwer e Joer ausgehalen huet. Do ass en, nodeem hie sech net wollt erginn, ëmbruecht ginn.

Fir déi Eng war hien e megalomaneschen südamerikaneschen Wieregär-Napoléon, fir Anerer war hien en Held, deen de Brasilianer an den Argentinier hir territorial Gelëschter gebremst krut.

Commons: Solano López – Biller, Videoen oder Audiodateien