Gewalt

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Муж избивает жену....jpg

Gewalt ass déi generell Bezeechnung fir all Zort vun aggressivem Verhalen, dat physesch oder psychesch Péng oder Zerstéirung ervirrifft. An engem zweete Sënn kann och Muecht oder de Pouvoir fir gewësse Contrainten ze imposéieren mat deem Terme gemengt sinn.

Wa Gewalt a Grausamkeete viraals jee no Zäitepoch méi oder wéineger zum Alldag vun de Leit gehéiert hunn (cf. réimesch Gladiatorekämpf, mëttelalterlech Hexeverbrennungen, etc.), sou ass an der haiteger Gesellschaft d'Toleranz vis-à-vis vu Gewalt stänneg um falen, net zulescht och wéinst dem ëmmer méi strikte Gewaltmonopol vum Staat, deen déi individuell Gewalt dack ënnert Strof stellt. An de Staat selwer gëtt sech Mechanisme wéi z.B. d'Gewaltendeelung, fir Gewaltmëssbrauch duerch déi eegen Organer ze verhënneren.

Gewalt kann awer och a bestëmmte Situatioune legitiméiert ginn, esou z.B. wann en Affer vun enger ongerechtfertegter Aggressioun sech duerch Légitime défense wiert, oder wann eng Arméi am Kader vun internationelen Traitéen e Verdeedegungskrich oder Hëllefsoperatiounen duerchféiert.

[änneren] Kuckt och

Commons: Violence – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen