Héichvitessstreck Köln–Rhein/Main

Vu Wikipedia
D'Streck bei Hasenboseroth (Königswinter)

D'Héichvitessstreck Köln–Rhein/Main ass eng Eisebunnshéichvitessstreck vun der däitscher Eisebunnsgesellschaft DB.

Op der Streck fiert den ICE.

Si féiert vun der Gare vu Köln iwwer Siegburg an d'Gare vum Frankfurter Fluchhafen, bis op d'Gare vu Frankfurt.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Héichvitessstreck Köln-Rhein/Main gouf de 25. Juli 2002 a Betrib geholl.

D'Längt vun der Streck vu Köln aus ass 180 km. Mat dem Uschloss Koblenz huet se 219 km. Si ass gebaut fir Vitesse bis zu 300 km/h. Op der Streck sinn 48 Konschtbauten. D'Totallängt vun de Brécken ass 6,0 km, a 46,7 km vum Trajet leien ënner dem Buedem.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Héichvitessstreck Köln–Rhein/Main – Biller, Videoen oder Audiodateien