Hôtel Hyatt Regency Paris Étoile

Vu Wikipedia

Den Hôtel Hyatt Regency Paris Étoile, virdrun Hôtel Concorde La Fayette (1974-2013), ass e Wollekekrazert zu Paräis, am 17. Arrondissement bei der Porte Maillot. E gehéiert der Constellation Hotels Holding.

Mat enger Héicht vun 137 Meter ass et ee vun den héchste franséischen Hotellen nom Tour Part-Dieu zu Lyon an dat véierthéchst Gebai zu Paräis (Departement Paräis) nom Eiffeltuerm, der Tour Montparnasse an dem Paräisser Tribunal, awer méi kleng wéi e puer Gebaier am Quartier La Défense (am Departement Hauts-de-Seine).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hôtel Hyatt Regency Paris Étoile – Biller, Videoen oder Audiodateien